Presidentewahl a Russland: De Vladimir Putin am Amt bestätegt
Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf
Et war sech keng Iwwerraschung erwaart ginn, an et gouf
An der nordkoreanescher Haaptstad gesinn sech de chinesesche President, Xi
Zanter der Erëffnung fir de Public 1933, kënnen d‘Kasematte vum
Fanne kann een déi nei Agence op der Adresse 2, Place Marie-Adélaïde L-9063 Ettelbréck.
Virun der sanitärer Kris huet déi fréier Escher Krankekeess 100 Persounen den Dag empfaangen. Mat den neien 150 Quadratmeter stinn elo 5 Guicheten zur Verfügung.
Ma, an de leschte Méint si ganzer 5 CNS-Agence geplënnert, dorënner déi zu Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Munneref, Wolz an eben Ettelbréck. De Minister Schneider preziséiert: „Déi geografesch Proximitéit fir déi Verséchert ass e wichtege Punkt fir mech. All Persoun, déi e Service oder e Rot braucht, muss d’Méiglechkeet op den Accès zu enger Uspriechpersoun hunn ouni laang Weeër zeréckleeën ze mussen.“
Duerch eng verbessert Akustik un de Guicheten, woumat eng Vertraulechkeet entsteet, sou wéi ofgetrennte Beräicher, generellem Komfort, ergonomesche Miwwelen, méi Luucht a ville weidere Moderniséierunge wëll een esou an Zukunft e bessere Service bidden. Mam neie visuelle Konzept gëtt dann och d’Identitéit vun der CNS an allen Agencë selwecht vermëttelt.
Opmaacherbild © Ministère fir sozial Sécherheet