Search

You may also like

EU Rot: Fir méi Flexibilitéit beim schwankende Fluchverkéier
Neiegkeeten

EU Rot: Fir méi Flexibilitéit beim schwankende Fluchverkéier

Pandemie-bedéngt ass och de Fluchverkéier vun Onsécherheete bei hire Flich

money
D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn
Neiegkeeten

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

Gratis Binden an Tamponen: Schottland mécht et vir!
Neiegkeeten

Gratis Binden an Tamponen: Schottland mécht et vir!

Et ass eng weltwäit eemoleg Entscheedung: Wien a Schottland Tamponen

Nei Covid19-Mesuren: Dat konnt déi lescht Woch kee wëssen

Nei Covid19-Mesuren: Dat konnt déi lescht Woch kee wëssen

Vun enger Spärstonn ab 21 Auer an der Fermeture vun allem wat net Liewesnoutwenneg ass, konnt een bei der Ofstëmmung zur Verlängerung vum Covid19-Gesetz natierlech weder ee Freideg nach um Samschdeg rechnen. Dat geet esou aus der Äntwert vum Xavier Bettel op d‘Fro vu der CSV-Fraktiounspresidentin ervir. Anersäits huet d‘Vollek längst mat engem neie Confinement gerechent.

Et gouf nees vill geschwat, dobäi wéineg gesot an u wat d‘Decisioune festgemaach ginn, wéi se da festgemaach goufen, ass leider och net gewosst. Datt eis Politiker – wéi eigentlech all d‘Politiker op der Welt – am dréiwe fëschen, dat ass elo keng nei Erkenntnis. A wärend de Premier zesumme mat der Gesondheetsministesch versicht et alle Recht ze maachen, lafen d‘Zombien duerch d‘Haaptstad.

Den Experten hire Rot ze behäerzegen, d‘Fuerderunge vun der Wirtschaft ze respektéieren a dann och nach gläichzäiteg de Gesondheetssecteur ze schützen, ouni sech dobäi den Onmutt vum Vollek opzelueden, dofir misst sech esouguer eng Peripateticienne zolidd ustrengen. Zumindest an dësem Punkt sinn sech Politik a Medie gläich, woubäi ënnerschiddlech Interpretatioune méiglech sinn.

Esou behaapt de Staatssender Bertelsmann/RTL datt et ee Lockdown ass, wat de Premierminister muss dementéieren, och wann natierlech d‘Zigel eppes straff gezu ginn. Ee Lockdown wier et, wann een d‘Haus guer net méi – also nach just ënner strengen Oplagen/Viraussetzungen – dierft verloossen. Dat ass erwisenermoossen net de Fall, woubäi d‘Falschinformatioun ka gewollt sinn.

Och den Duo Bettel/Lenert ass genervt

Ganz interessant dann d‘Feststellung, datt schonn zum Ufank vun der Pressekonferenz, de Premier an d‘Gesondheetsministesch ee richteg genervten Androck gemaach hunn. Mee gutt si hunn sech fir eng Strategie entscheet, mat där d‘Secteure: Wirtschaft a Gesondheetswiese gläichermoosse sollten zefriddegestallt ginn, ouni d‘Bierger ze dirängelen an awer och zur sozialer Abstinenz unzehalen.

Et gëtt also kee Confinement, a wien nach ëmmer kee Kaddo sollt fonnt hunn an dësen net bei Amazon, mee dem Eenzelhändler vum Vertraue kafe wëll, kann dat bis zur leschter Sekonn och maachen. Déi beschlosse Mesure gräifen eréischt ab dem 26. Dezember, a solle bis viraussiichtlech den 10. Januar gëllen. Eng Verlängerung a méiglech Verschäerfunge kennen net ausgeschloss ginn.

Wat leeft? Eng kuerz Iwwersiicht:

Ab dem 26. Dezember a viraussiichtlech bis den 10. Januar soll alles war net gebraucht gëtt, also net fir den Alldag essentiell ass, zoumaachen. Klengen Detail: wat essentiell ass, dat steet op enger online Lëscht op iergendenger Säit vun der Regierung. Wie keng Loscht huet ze sichen an och keng Uspréch huet, fir deen ass et einfach. Eppes z‘iessen an ze drénken, Tubak, Bensin an Literatur, dat alles bleift erhältlech.

Op d‘Supermarchéeën „net essentiell“ Rayone mussen zoumaachen, dat ass net gewosst, dofir datt de Service „click & collect“ awer weiderlafe soll. Geschäftsleit déi net alles verstanen hunn, kënnen op d‘Hotline vum Haus vun Entreprenariat (423 939 330) uruffen. Do kréien si gehollef. D‘Period vun de Solde soll och verréckelt ginn. Hei soll sech déi nächst Deeg mat der CLC concertéiert ginn.

D‘Spärstonn gëtt vun 23 op 21 Auer virgezunn, an de Käschtepunkt fir de Verstouss géint d‘Reegele klëmmt vun 145 op 300 Euro. Sportlech Aktivitéite ginn och weider ageschränkt. D‘Entreprisen an deenen den Télétravail méiglech ass, ginn ugehalen dëse wäitreechend anzesetzen. Et dierf ee sech awer tëscht 6 an 21 Auer am Fräien ophalen, esoulaang wéi een am ëffentleche Raum keen Alkohol konsuméiert. D‘Vakanz fir d‘Schüler gëtt ëm eng Woch verlängert, den Detail dozou gëtt et zäitno vum Educatiounsminister.

Nächst Schrëtt

Als éischt gëtt et de Moien um 8 Auer emol eng Sëtzung vun der Gesondheetskommissioun, déi jo déi weider Modifikatioun vum Gesetz vum 17. Juli 2020 berode mussen. De Gesetzprojet 7738 soll dann en Donneschdeg de Moien an der Chamber zum Vott virgeluecht ginn. Mat „Widderstand“ ass op Hellegowend net ze rechnen, den Diskussiounen allerdéngs dierft et net u Wierz feelen.

Elo wou d‘EU-Kommissioun no Ofstëmmung mat der EMA de Pfizer/Biontech Covid19-Impfstoff „fräi“ ginn huet, sollt et séier zu den éischte Vaccinatioune kommen. Déi éischt ginn am Impfzenter (Victor Hugo Hal – Lampertsbierg) nach fir dëst Joer virausgesot. Als éischt sollen d‘Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur geimpft ginn, dann déi eeler Populatioun, an esou weider an esou virun…

Ob d‘Regierung dann och nach der Fuerderung vum Beruffsverband vun de Medeziner (AMMD) wäert Rechnung droen – déi wëllen dat d‘Leit nach just eng „chirurgesch Mask“ undinn, an dat gefällegst och doheem – léist sech net mat Bestëmmtheet soen. An dësem Text, deen iwwermuer gestëmmt gëtt, si Buff a a selwer zesummegeschraufte Masken allerdéngs nach zoulässeg.

Et ass am Kontext vun den neierleche Restriktiounen (wéi gesot et ass kee Lockdown) dann och nach méiglech vu sengem Grondrecht op Demonstratioun/Protest gebrauch ze maachen. Esou eng ass scho fir den nächste Weekend ugemellt ginn… Geséchert bleift, datt den Test fräiwëlleg bleift, keen Impfzwang per Gesetz agefouert gëtt an eis d‘Pandemie nach bis wäit an 2021 erhale bleift.

Related topics Ausgangsspär, Covid19, Gesetzprojet 7738, Prohibitioun, Regierungsrot
Next post Previous post