Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 9. Mee
Kultur Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 9. Mee

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot
Kultur Neiegkeeten

Fuesent 2019: Net datt dir herno behaapt et hätt keen eppes gesot

Déi meescht Accidenter geschéien Nuets a sinn dem Alkoholkonsum zouzeschreiwen.

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt
Kultur Neiegkeeten

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“

Nei bei Éditions Phi: „Enfance, instanés“ a „L’année du Rat“

Dir benéidegt nei Summer-Lecture? Éditions Phi presentéiert Iech seng zwee nei Wierker: Dem Carla Lucarelli seng Autobiografie „Enface, instanés“ sou wéi dem Gaston Carré säi Buch „L’année du Rat“.

Enfance, instanés vum Carla Lucarelli

Déi biografesch Bezuchspunkter a sech widderhuelend Episoden hunn Ausdauer. D’Biller awer si fragil. Dobäi mengt d’Auteurin net d’Fotoen oder d’Filmer, wou ee mengt, datt d’Meedchen dorobber ee selwer ass. Si schwätzt vun interne Biller aus der Kandheet, déi an der Erënnerung mat zousätzleche Sensatioune verbonne sinn, wou een am Banneschten ëmmer nees zeréck goe kann.

D’1970er Joren am Süde vu Lëtzebuerg hunn eng Kandheet tëscht Minett a Vakanz an Italien bedeit. Tëscht Biller a Gefiller, déi d’Erënnerung ëmmer erëm opbléie léisst entsteet de Mënsch.

D’Buch huet 80 Säiten a kascht 17 €. Weider Informatiounen zum Buch an zur Auteurin fannt Dir HEI.

ISBN: 978-2-919791-26-2


L’année du Rat vum Gasto Carré

T’ass e Chantier, ee vaguen Terrain aus spannende Konstruktiounen an enger Welt, déi vun der Pandemie betraff ass. Owes komme Stëmmen op, wärend d’Leit Doheem hir Ritualer feieren. E Mann spiert d’Angscht déi opkënnt, spiert den Trieb, d’Fantasmen, d’Iddien, déi bei den aneren an him selwer opkommen.

D’Kris vun dësem Fréijoer huet zuelräich Geschichten erzielt, woubäi een och emol déi onreng Dimensioune kucke sollt, dat iwwert wat net geschwat gëtt. Dëst Wierk spréngt an dréift Waasser, an där eeler Leit an en Eck gedréckt ginn, Frae geschloe ginn an de Mick Jagger „You Can’t Always Get What You Want“ séngt. Et ass nerveg a penetréierend, mee och heiansdo komesch.

Vu sengem Buch Killing Fields vum Kosovo-Krich bis zu Retour en Barbarie iwwert den Djihad weist de Psycholog a Journalist Gaston Carré d’Däischtert vun de groussen Evenementer op.

D’Buch huet 152 Säiten a kascht 18 €. Weider Informatiounen zum Buch an zum Auteur fannt Dir HEI.

ISBN: 978-2-919791-27-9

Related topics Autobiographie, Buch, Carla Lucarelli, Editions Phi, Enfance instanés, Gaston Carré, L'année du Rat, Literatur
Next post Previous post