Search

You may also like

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert
Neiegkeeten

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert

„Nach emol gutt gaangen“ mussen sech d‘Salariéen an d‘Aarbechter vun

Rock’n’Classics zu Beefort – De Programm 2019
Neiegkeeten

Rock’n’Classics zu Beefort – De Programm 2019

An de vergaangene Joren huet de Rock Classics@Beaufort Castle an

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter
Neiegkeeten

Trump ënner Beschoss no der Entloossung vum FBI-Direkter

Mat der Entloossung vum James Comey huet sech den amerikanescher

Duerchbroch fir d’Fuerschung: Nei Erkenntnisser zur Parkinson-Krankheet

Duerchbroch fir d’Fuerschung: Nei Erkenntnisser zur Parkinson-Krankheet

D’Stammzellfuerschung liwwert elo en neien Ugrëffspunkt géint d’Parkinson-Krankheet. Dat interdisziplinäert Fuerscherteam vum Luxembourg Center for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni.lu huet, ënnert der Leedung vum Prof. Dr. Rejko Krüger, nei Erkenntnisser zur Ursaach vun der Erkrankung an eng potentiell Behandlungsméiglechkeet fonnt.

Wärend 7 Joer ass d’Fuerschungsaarbecht vum LCSB zesumme mat internationale Kollege gelaf. Ma, duerch Tester un gespenten Hautzelle vu betraffene Patienten huet een erausfonnt, datt de Kierper vun Erkrankten net genuch vum Protein DJ-1 produzéiert. Gëtt dees net genuch, respektiv guer kee produzéiert, stierwe wichteg Nervenzellen of an neurodegenerativ Erkrankungen entwéckele sech.

„E wichtegen Apparat fir d’Montage vum Protein DJ-1 ka bei de Patienten net richteg undocken“, erkläert de Prof. Dr. Krüger. „An der Wëssenschaft schwätze mir hei als Folleg vum Problem vum Exon-Skipping. D’Protein gëtt duerch den Defekt guer net eréischt opgebaut“.

Zellspenden erméiglechen dëse Fortschrëtt

Am Joer 2015 gouf d’Lëtzebuerger Parkinson Etüd lancéiert, bei där 800 Parkinson-Patienten an 800 gesond Vergläichspersounen duerch eng kleng Biopsie Hautzellen un d’Fuerscher gespent hunn. Dës Zelle goufen dann am Reagenzglas „ëmprogramméiert“ fir nei Nervenzellen ze produzéieren. Si bilden dann nees Nervenzellen aus betraffene Gehirregioune vu Patient no an erméiglechen d’Analysen.

Parkinson

Ma, déi nei Erkenntnisser veränneren de Bléck op d’Ursaache vun der Parkinson-Krankheet. Doduerch kann och déi medikamentéis Behandlung weidergedriwwe ginn. D’Fuerscher hunn erausfonnt, datt d’Kombinatioun aus de Wierkstoffer Phenylbuttersäure a RECTAS et erméiglechen, datt Zellen sech am Reagenzglas regeneréieren.

Klinesch Tester kommen an Zukunft no. Fir de vum Nationale Fuerschungsfong (FNR) gefërderte PEARL-Programm ss dëst den absoluten Héichpunkt vun der Aarbecht.

Related topics DJ-1, FNR, Fuerschung, Klinesch Tester, Krankheet, Luxembourg Center for Systems Biomedicine, Nationale Fuerschungsfong, Parkinson, PEARL-Programm, Prof. Dr. Rejko Krüger, Protein, Stammzellspenden, Uni.lu, Wëssenschaft
Next post Previous post