Search

You may also like

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen
Neiegkeeten

D’Gewässerschutzdirektiv bleift an aktueller Form bestoen

D’EU-Kommissioun huet decidéiert, datt d’EU-Gewaässerschutzdirektiv WRRL e grondleeënd Element vun

Coronavirus: Wéi d‘Portugise mat der Kris ëmginn
Neiegkeeten

Coronavirus: Wéi d‘Portugise mat der Kris ëmginn

De Bléck aus dem Fënster vun der Redaktioun zu Lissabon,

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten
Neiegkeeten

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Den däitsche Bundesinneministère widdersetzt sech enger Uerder vum Dateschutzbeoptraagten Ulrich

Nei Gesiichter fir de Staatsrot

Et ass ee komesche Veräin deen ëmmer an zu allem en Avis huet, an do ginn der elo zwee Ausgetosch

Nei Gesiichter fir de Staatsrot

Indianesche Summer zu Lëtzebuerg. Déi politesch Rentrée ass eigentlech scho vollzunn an et gëtt nees e puer Neiegkeeten, vun deenen ee wësse sollt. De Staatsrot – an deem och esou eppes wei déi sougenannt Zivilgesellschaft vertrueden ass – kritt nei Gesiichter, nodeems de René Kollwelter virzäiteg säi Mandat ofgetrueden huet de Romain Nati mat 15 Joer Uwiesenheet d‘Joer voll huet.

Et sinn also zwee Sozialisten déi ginn, mee et ass nëmmen een dee komme kann. d‘LSAP kann de Romain Nati mat Personal aus den eegene Reien ersetzen, dem René Kollwelter säi Mandat geet un déi gréng. Interessant: de René Kollwelter, deen eigentlech och ëmmer zu allem eppes ze soen huet, wollt seng Demissioun net kommentéieren. Muss een och net wann een an der Provence wunnt…

De Romain Nati ass dat wat een en „natierlechen Ofgank“ nennt. De Vizepresident huet da 15 Joer um Bockel a kann net méi matmaachen. A well et ze vill „rouder“ am Staatsrot gëtt, dofir net genuch gréngs (well de Mike Mathias zum Sam Tanson an de Logementsministère gewiesselt ass) geet dat anert Mandat un d‘Eko-Partei. De Romain Nati geet awer eréischt nächsten Hiecht ersat.

Changement och um Krautmaart

Wien dem Romain Nati säi Mandat iwwerhuele soll ass net gewosst, oder zumindest wëll d‘LSAP sech nach net dozou äusseren. Déi huet dann och fir Ament aner Saachen ze reegelen. Elo wou dem Nicolas Schmit säi Wonsch erfëllt ass an den Kaviar-Sozialist säi Mandat als EU-Kommissär sécher huet, misst et eigentlech esou sinn, datt de Marc Angel d‘Mandat vun EU-Deputéierten iwwerhëlt.

Domatter wier dann nees ee Sëtz um Krautmaart vakant, deen eigentlech dem Francine Closener misst zougestane ginn. Déi fréier Staatssekretärin, déi an der tëscht ee gutt remuneréierte Posten als éischt Conseillère vum Gouvernement ergattert huet, schéngt net erpicht hir Aarbecht als „Coordinatrice de la promotion image de marque et communication du Ministère des Affaires Etrangères et Europénnes“ wëllen opzeginn. De Job gefält hir a si schafft grad och un engem neien „Nation Branding“ Projet fir 2020. Et gëtt hei awer och eng Rei Rumeuren…

Esou gëtt getuschelt, datt d‘Francine Closener, déi hiert Resultat bei de Wahle verbessere konnt an net „glécklech“ war, datt hir keng Plaz an der neier Regierung zougeschoustert ginn ass. Dofir kéint d‘Cécile Hemmen dëst Mandat zougesprach kréien. Si war knapps hannert dem Francine Closener op der LSAP-Zentrumslëcht gewielt ginn. Do schéngt et also nach Gespréichsbedarf ze ginn.

Vu Rumeuren a Kulissegespréicher

Et ass dann och net deen eenzege Changement deen sech an der Chamber ukënnegt. Och de Chef vun der LSAP-Fraktioun, Alex Bodry, ass um Sprong. Hie soll an dräi Méint säin Zepter un de Georges Engel weiderreechen, firwat elo scho spekuléiert gëtt, op hie säin Deputéiertemandat bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod bekleede wëll. Och hie wollt dat net weider kommentéieren.

Als weidere Kandidat fir eng politesch Preretraite gëtt den Etienne Schneider gehandelt. Wann et sécherlech richteg ass ze erwähnen, datt den Interesséierte selwer ëmmer drop gepocht huet, datt eng Mandatszäit op 10 Joer sollt begrenzt sinn, esou erschéngt et onwahrscheinlech, datt hie säi Mandat an 2 Joer néierleeë sollt. Zudeem huet hien als Wirtschaftsminister bis ewell gutt geschafft.

Hale mir nach fest, datt eng Zopp seelen esou waarm ausgeläffelt gëtt wéi se zerwéiert gouf, an et nach vill Aussoen zu de méigleche Changementer bei der LSAP wäert ginn. Eng Partei déi sech virgeholl huet op „Erneierung“ ze setzen, ouni dat bis ewell groussaarteg eppes geschitt wier. Wien also geet oder bleift, muss een sech zoukomme loossen. Zu konkreten aussoen ass nach kee bereet.

Illustratioun: Jackie Ramirez / Pixabay

Related topics Cécile Hemmen, Francine Closener, Marc Angel, René Kollwelter, Romain Nati, Staatsrot
Next post Previous post