Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm
Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm
Verschwierungstheorie kënne flott sinn. Virun allem vu bausse betruecht offenbaren
Den 19. Mee 2020 waren de SPEBS an d’APCCA, no
Leschte Freideg, de 7. Juni 2019, huet den FC Avenir Beggen zur offizieller Aweiung vun hiren neie Vestiairen agelueden. Déi nei Infrastrukture sollen och dozou bäidroen, datt d’Wiichtelcher nees national un hir fréier Glanzzäiten uknäppe kënnen. No enger staarker Saison an dem Opstig an déi éischt Divisioun schéngen déi giel-schwaarz Wiichtelcher nees um richtege Wee ze sinn.
Et huet ee sech e wéineg gedëllege missten. Gespaant huet een op de Besuch vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, souwéi de Stater Schäffen Patrick Goldschmidt a Serge Wilmes gewaart. Déi nei Katakombe vum FC Avenir Beggen sollten nämlech mam üblechen Duerchschneide vum Bändchen ageweit ginn. Ma nëmmen eng Stad mat Baustellen ass eng lieweg Stad an esou huet et e wéineg méi laang gedauert fir iwwer d’Eecher Plaz an de Stade Henri Dunant ze kommen.
© Melvin Hatto/moien.lu
De Comité ëm de President Damien Raths souwéi weidere Veräinsmemberen hunn duerno awer feierlech um Futtballterrain dat rout-wäiss-blot Band duerchgeschnidden. Uschléissend gouf du jiddereen op d’Visitt duerch de Spillertunnel agelueden. Gespaant hu sech d’Käpp an d’Luucht gestreckt fir als éischten e Bléck an déi nei Kabinnen ze werfen.
Zum Ofschloss gouf et dann nach op der Veräinsterrass e Patt zum Beschten.