Zu Stolzebuerg entsteet grad eng Klack op mëttelalterlech Manéier

Bei de Lëtzebuerger Awunner an Touristen ass Stolzebuerg besonnesch fir seng ehemoleg Koffergrouf bekannt, déi haut nees mat engem Guide besichtegt ka ginn. Ma, aktuell entsteet am klengen Duerf bei Veianen eppes Aussergewéinleches, dat d‘Verbindung zum Metall an déi spannend Vergaangenheet vun der Regioun ervirhieft.

Net nëmmen déi ënnerierdesch Galerien vun der Koffergrouf kennen zu Stolzebuerg bestaunt an domat d‘Geschicht hautno erlieft ginn. Bis de 15. August gëtt eng sougenannt „Beiekuerfklack“ op eng Manéier aus dem 12. Joerhonnert hiergestallt. Eng eenzegaarteg Première!

Ma, un dësem Prozess kann all interesséiert Persoun aktiv deelhuelen an d‘Technik vum Benediktinermönch Theophilus Presbyter méi no kenneléieren. Dobäi presentéiert den Dr. Bastian Asmus, ausgebildete Konschtgéisser a Grënner vum Labo fir Archäometallurgie, u jeeweils 4 Deeg an der Woch déi verschidden Etappe vun der Produktioun.

Ënnert anerem gëtt gewisen wéi een d‘Form aus Leem hierstellt, wéi de Wuessmodell entsteet, wéi d‘Form gebrannt an d‘Klack gegoss gëtt. Natierlech gi fir des Klack, passend zu Stolzebuerg, Koffer an Zënn genotzt.

Geweit an Opgehaange gëtt d‘Klack bei engem feierlechen Evenement am ale Klackentuerm vu Stolzebuerg, deen 1671 gebaut ginn ass. Geplangt ass dëst Evenement fir den 18. November, den Dag vum Hellegen Odo vu Cluny.

Verantwortlech fir d‘Initiative ass de „Syndicat d‘Initiative Stolzebuerg“. Méi zur Produktioun vun esou enger Klack gitt Dir HEI gewuer.

Dernières nouvelles