Search

You may also like

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!

No zwee Joer Bauzäit ass um 10. Mee 2005 an

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)
International Kultur Neiegkeeten

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU),

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster
International Kultur Neiegkeeten

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Déi geschützt Biotopen a Liewensraim sinn an de Joren 2007

Nei op Netflix: Die Bande aus der Baker Street

Nei op Netflix: Die Bande aus der Baker Street

Wann Dir déi nei Netflix-Serie „Die Bande aus der Baker Street“ wéinst dem Sherlock Holmes kucke wëllt, musse mir Iech leider enttäuschen.

D’Handlung spillt sech am viktorianesche London of, déi jugendlech Protagonisten heesche Bea, Jessie, Billie, Spike a Leo. Wéi den Titel et scho verréit, sinn si als Band vun der Baker Street bekannt. Duerch hier detektivesch Talenter kënnt den Dr. Watson dacks op si zeréck. An dëser Serie ass den Sherlock kee berüümten Meeschterdetektiv, mee en Junkie dee Jugendlecher fir sech schaffe léisst a fir seng Fäegkeete gelueft gëtt.

Op hien ass absolut kee Verlooss …

Fir déi jonk Band ass dat nawell en Erliefnis, amplaz normal Verbriechen opzeklären, ginn si mat iwwernatierleche Kräfte konfrontéiert. Ganz London ass a Gefor, wann net souguer déi ganz Welt. Elo mussen si sech mat där däischterer Muecht uleeën an d’Mënsche retten.

Flott ass, datt d’Band sech näischt vum Dr. Watson soe léisst, si verloossen sech just op hier Intuitioun. An déi ass meeschtens richteg. Dëse moralesche Kompass sollte mir all an eis droen. A well verschidde Personnagen an der Serie e falscht a geféierlecht Spill dreiwen, hunn si dee batter néideg.

D’Episode sinn absurd, brutal a makaber – et ass kee Wonner, datt d’Altersempfeelung op 16 Joer eropgesat gouf. Trotzdeem ass et eiser Usiicht no absolut empfeelenswäert! wien traut sech dann?

Illustratioun: © Glenn Carstens-Peters / unsplash

Related topics Baker Street, Netflix, Serie, Televisioun, Video-Op-Demande
Next post Previous post