Search

You may also like

Gesondheetsberuffer – Fir méi Matbestëmmung bei der Reform vun der Ausbildung!
Neiegkeeten

Gesondheetsberuffer – Fir méi Matbestëmmung bei der Reform vun der Ausbildung!

D’Employéen vum Lëtzebuerger Gesondheets- a Fleegewiesen loossen och a Krisenzäiten

De Mann wollt sech net erginn
Neiegkeeten

De Mann wollt sech net erginn

Wärend sech an der Internetsphär eng Rei Videoe mat entspriechende

Brittesche Premier am Spidol
Neiegkeeten

Brittesche Premier am Spidol

Virun 10 Deeg hat sech de Boris Johnson, selwer ënner

Nei Petitioune stinn zur Ënnerschrëft bereet

D‘Petitioun géint déi obligatoresch Covid19-Impfung fir d‘Bierger huet bannen zwee Deeg de Quorum erreecht

Nei Petitioune stinn zur Ënnerschrëft bereet

Zwielef Petitiounen huet et um Site vun de Petitiounen an ee puer dovunner hunn et a sech. Als éischt wier zeréckzebehalen, datt d‘Petitioun géint déi obligatoresch Covid19-Impfung (1950) op haut de Moien 11 Auer scho 7.070 Ënnerschrëften erhalen huet.

Sënn an Zweck vun der Petitioun ass et, ze verhënneren datt d‘Impfung géint de Covid19 zur Obligatioun gëtt, an zousätzlech soll verhënnert ginn, dat sech mat der Zäit Diskriminéierungen tëscht geimpften an net-geimpften installéiert. D‘Impfflicht wier eng Atteinte vun den individuelle Grondrechter an et misst dofir Suerg gedroe ginn, datt d‘Leit am medezineschen de fräie Choix behalen. De Mënsch soll also selwer dierfen iwwert seng Gesondheet entscheeden, mengt jiddefalls d‘Autorin vun der Petitioun Christelle Pizzirulli.

Interessant ass nach d‘Petitioun vum Georges Leuck (1958), deem aus liicht verständleche Grënn fuerdert, datt Vëloen an elektresch Trottinette sollen ee gutt siichtbaart Nummereschëld sollen hunn. Ugesiichts dem Fait, datt et gewësse Mënschen huet déi sech netze behuele wëssen, an sech mat de Gefierer éischter net un de Code de la Route halen, net verkéiert. De Petitionnaire argumentéiert:

„Leider fuere vill Vëlosfuerer & Elektrorollerfuerer immens récksiichtslos, halen sech net un d’Verkéiersreegelen a stoussen och des ëftere Foussgänger un. Da maachen si sech einfach duerch d’Bascht an wann een da bei d’Police geet fir eng Plainte ze maachen ass een leider extrem limitéiert betreffend d’Angaben déi een ka maachen“. Et kann een de Grond fir d‘Ubrénge vun engem Nummereschëld also gutt novollzéien…

D‘Petitiounen an der Iwwersiicht:

  • 1916 – Stopp zu de Impfstoffer vum Typ „genetesch Therapie“ (Covid19) fir eis Kanner;
  • 1947 – Zouloossung vun alternativen Traitementer fir de Covid19;
  • 1950 – Petitioun géint déi obligatoresch Covid19-Impfung fir d‘Bierger;
  • 1956 – Opbau vun engem ëffentlech-rechtleche Radio mat nationalem Zouschnëtt;
  • 1957 – Fir an der Fonction Publique kënnen ze schaffen;
  • 1958 – Nummereschëlter fir Vëloen an elektresch Trottinetten;
  • 1960 – Erlabnes ee Wunnmobil (Camper) tëscht 3,5 a 7,5 Tonnen mam B-Führerschäin ze féieren;
  • 1961 – Ëffentlech-rechtlech Tëlee zu Lëtzebuerg;
  • 1965 – Aféierung vum Taser zum Schutz fir d‘Police;
  • 1971 – En 13. Mount fir déi Beschäftegt am Privatsecteur;
  • 1972 – De sanitäre Pass net bei Kanner ënner 12 Joer uwennen;
  • 1976 – All Persoun déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit wëll kréien, soll och eis Sprooch kënnen

Illustratioun: © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Chamber, Petitionnairen, Petitioun
Next post Previous post