Search

You may also like

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir
Neiegkeeten

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask
Neiegkeeten

Chamber: D’Viséier ersetzt keng Schutzmask

Um 1. September 2020 hunn d’Deputéiert aus der Chamber iwwert

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“

Beim Andreas Eschbach sengem Roman „Der Letzte seiner Art“ erlieft

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu

Gëschter huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun an d’administrativ Reform, déi nei Säit vun den ëffentlechen Enquêten www.enquetes-publiques.lu presentéiert. Ab dem 13. Januar 2021 wäert dës Plattform fir jiddwereen accessibel sinn an esou fir méi Visibilitéit suergen, sou datt all Bierger deelhuelen a seng Remarken, respektiv Reklamatiounen zu engem bestëmmten Thema kann ofginn.

Zil vun der Regierung ass et, den administrative Beräich ze reforméieren an ze vereinfach, an dat fir béid Säiten. Ëffentlech Enquêten hunn e formelle Charakter a sinn noutwenneg, fir verschidden administrativ Decisiounen ze treffen. An dësem Sënn wäert déi nei Säit fir jiddwereen, vun iwwerall aus an zu all Zäitpunkt zougänglech sinn. Dobäi ginn et 4 Haaptrubriken:

  • Ëffentlech Enquête mat entspriechenden Informatiounen;
  • Offiziell Avisen zu den Enquêten an administrativ Decisiounen;
  • En Agenda mat de geplangten Informatiounsreuniounen, sou wéi Coordonnéeën an Informatiounen zu den Organisateuren;
  • En erklärende Guide zu de Prozeduren.

Enquête

Dës weideren huet de Bierger d’Méiglechkeet sech fir Benoriichtegungen ze abonnéieren, fir sou bei ausgewielten Themen informéiert ze ginn. Generell wäert de Site op 4 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch) verfügbar sinn. Gesäit déi jeeweileg Prozedur et vir, kann de Bierger säi Bäitrag och direkt iwwert en Assistenz op MyGuichet.lu leeschten.

Enquête

Generell besteet de Projet dofir aus folgenden 3 Modullen:

  • Plattform www.enquetes-publiques.lu als Vitrinn fir Bierger déi sech iwwert eng Enquête informéiere wëllen an déi dozou passend Dokumenter sichen;
  • En Assistent op MyGuichet.lu, iwwert deen de Bierger säi Bäitrag mat oder ouni Authentifikatioun (Luxtrust Zertifikat) leeschte kann;
  • E Back-Office, iwwert deen d’Organisateuren vun den Enquêten einfachen a schnellen Zougrëff op d’Informatiounen hunn an dës geréiere kënnen.

„Fir eis all handelt et sech ëm e Pilotprojet mat héijem Potential“, erkläert de Minister Hansen. Aus iwwer 20 Texter vu verschiddene Gesetzer hu sech am Ganzen 58 Prozeduren erginn. An enger éischter Phas wäerten ab dem 13. Januar 2021 Informatiounen zu 15 verschidde Prozeduren an dozou passenden Enquêten ofruffbar sinn.

Related topics Avis, Digitalisatioun, Digitaliséierung, ëffentlech Enquêten, Marc Hansen, Meenung, myguichet.lu, Remarken
Next post Previous post