Search

You may also like

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op
Neiegkeeten

Katalounien: De Separatisteleader Puidgemont gëtt op

No villem Hin an Hier, mee och sécherlech fir Neiwahlen

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!
Neiegkeeten

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!

Krankheet, Dout oder komplett Inexistenz – d’Blomeesen haten et dëst

money
Galeries Lafayette: Een moderne Komplex als Häerz vun der Haaptstad
Neiegkeeten

Galeries Lafayette: Een moderne Komplex als Häerz vun der Haaptstad

Iwwer 10 Joer hunn d’Aarbechten, vum Projet bis zur Realisatioun,

Kënnt et zu neie Reesbeschränkungen?

Kënnt et zu neie Reesbeschränkungen?

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie heefen sech nees d‘Infektiounen. Datt virun allem bei eisen Noperen, mee och zu Lëtzebuerg ginn nees ëmmer méi „positiv“ Fäll gemellt. Aus den aktuellen Zuelen ass ze enthuelen, datt d‘Inzidenz esou wéi se vum Robert-Koch-Institut (RKI) festgeluecht ginn ass, iwwert de Grenzwäert vu 50 Infizéierte pro 100.000 Awunner klëmmt.

Dat bedeit, datt Däitschland Lëtzebuerg nees misst als „Risikogebitt“ aklasséieren, firwat et nees beim Reesverkéier kéint zu Aschränkunge kommen. Géintiwwer RTL huet den Ausseminister Jean Asselborn erkläert, datt esou Reesbeschränkungen enger Grenzschléissung gläichzestelle wieren.

A Frankräich hunn d‘Autoritéiten eleng um Freideg 13.215 Neiinfektioune gemellt, den héchste Wäert zanter dem Ufank vun der Pandemie. De selwechten Dag waren 123 Covid19-Affer ze bekloen. Domadder sinn zanter Mäerz bei eise franséischen Noperen 31.240 Mënschen un de Folge vum Coronavirus verstuerwen. Mee och anerwäerts gesäit et zur Stonn net „befriddegend“ aus.

D‘Britten – wou de Boris Johnson scho viru Woche virun enger zweeter well gewarnt hat – wëllen onbedéngt en zweete Lockdown verhënneren an de Gesondheetsminister Matt Hancock huet misse bestätegen, datt sech d‘Zuel vun de Covi19-Patienten an de Spideeler all aacht Deeg verduebelt.

Spuenien bleift den Ament nach viru Groussbritannien dat am häertste getraffe Land. Do gouf déi lescht Woch de Kap vu 600.000 Covid19-Infizéierten iwwerschratt. Mee och a Griicheland fänkt d‘Lag nees u kritesch ze ginn. Op der grénger Insel, ass et d‘Haaptstad Dublin, déi mat Ofstand déi héchsten Zuel un Neiinfektiounen ze verzeechnen huet. Drastesch Mesure sollen hei elo hëllefen.

Och an Holland klammen d‘Zuelen nees zolidd. Zu Amsterdam a Rotterdam ass verfüügt ginn, datt sech net méi wéi 50 leit dierfe versammelen (och am Fräien), d‘Parke ginn nuets zou gemaach an och d‘Kontrollen, op d‘Covid19-Moossnamen all respektéiert ginn, hu misse verstäerkt ginn.

An Israel, wou dëse Weekend dat neit Joer zelebréiert ginn ass, a wou an de nächste Wochen nach eng ganz Rëtsch u Festivitéiten ugesot wieren, ass d‘Lag esou beonrouegend, datt zanter e Freideg an dat fir d‘Dauer vun dräi Wochen, nees ee landeswäite Lockdown beschloss ginn ass. Wärend dëser Zäit sinn d‘Schoulen an d‘Geschäfter zou. Et dierf sech och net zum feiere versammelt ginn.

Illustratioun: © Maksym Kaharlytskyi / unsplash

Related topics Areesbeschränkunge, Ausseminister, Covid19, Grenzschléissung, Jean Asselborn, RKI
Next post Previous post