Search

You may also like

money
Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert
Fail International Neiegkeeten

Eng séier, geziilt a ugemoossen Äntwert

Lëtzebuerg hätt sech a punkto Krisemanagement gutt geschloen, esou emol

De LCGB ass determinéiert eng Sozialkris ofzewennen
Fail International Neiegkeeten

De LCGB ass determinéiert eng Sozialkris ofzewennen

Déi sanitär Kris wëll keen Enn huelen, an och den

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?
Fail International Neiegkeeten

Covid-19-Gesetzer: Op wat muss een elo oppassen?

Mat den zwee Covid-19-Gesetzer (7606 a 7607) huet een de juristesche

dislike

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Um Samschdeg huet den UN-Sécherheetsrot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi de scho bestoende Sanktioune méi Wierkung gëtt. Domadder erhéicht sech den Drock op Pyongyang. Falls d‘Resolutioun am ganze respektéiert gëtt, dierft et fir Nordkorea en Akommesverloscht vun enger Milliard US-Dollar bedeiten.

Dës nei Moossnam, eng direkt Äntwert op de ballisteschen a nukleare Programm vu Nordkorea, ass an éischter Linn eng Victoire fir d‘USA. Si konnten hir chinesesch a russesch „Partner“ iwwerzeegen sech der Resolutioun an de Sanktiounen unzeschléissen. D‘USA gesinn a Nordkorea eng Bedreeung fir d‘Welt.

Vun den USA virgeschloen, ziilt d‘Resolutioun 2371 drop of, den Export vu Gidder (Kuel, Eisen a Fësch) ze verbidden. Eng Mesure déi an éischte Linn d‘Bierger vum Land, net de Regime treffen. Dee soll mat dëser Resolutioun zu Verhandlunge gezwonge ginn. E Versuch dee scho beim éischte Rakéitentest um amerikaneschen Nationalfeierdag net gelonge war. Den 28 Juli hat Nordkorea dann ee weideren Test mat enger interkontinentaler ballistescher Rakéit gemaach.

Begeeschterung am Wäissen Haus

Den Donald Trump huet senger Freed iwwert dës Entscheedung fräie Laf gelooss an via Twitter den UN-Sécherheetsrot gelueft. An sengem Tweet ënnersträicht den US-President, datt déi nei Sanktioune „en héije finanziellen Impakt op Pyongyang hätten“. Hie geet vun engem Akommesverloscht vu wéinstens enger Milliard US-Dollar aus.

An engem offizielle Communiqué, huet d‘Wäisst Haus spéider nach matgedeelt, datt „de President d‘Kooperatioun vu China a Russland – déi néideg war fir d‘Resolutioun duerchzesetzen – appreciéiert huet“. A weider: „Hie wëll weider mat eisen Alliéierten zesummeschaffen, fir den diplomateschen Drock op Nordkorea ze verstäerken, an esou dem bedreeleche Verhalen entgéint ze wierken“.

D‘Nikki Haley, US-Ambassadrice bei de Vereenten Natiounen, wëll wëssen, datt de Ball elo am Lager vu Nordkorea läit. „Et sinn déi striktst Sanktioune géint e Land zanter enger Generatioun“ huet si festgestallt. Hire franséischen Homolog François Delattre gesäit et ähnlech: „Et ass méi dréngend wéi jee, den nordkoreanesche Rakéitentester en Enn ze bereeden a Pyongyang zeréck op de Verhandlungsdësch ze bréngen“.

Sanktiounen als politesch Strategie?

Säitens dem neie russeschen UN-Ambassadeur, Vassili Nebenzia, misst een allerdéngs éierlech sinn an drop hiweisen, datt „et onméiglech ass dëse Konflikt just mam unhuele vu Sanktiounen ze léisen“. Hie verlaangt eng global Approche an fuerdert eng vernënfteg politesch Strategie. Sanktioune kéinte beschtefalls eng Méiglechkeet sinn, Nordkorea zu konstruktive Gespréicher ze ermonteren.

Déi nei Sanktioune sollen den Export vun enger Rei Gidder (Eisen, Eisenäerz, Bläi, Bläiäerz, Fësch a Krustendéiere) verhënneren. Allerdéngs muss een hei drop hiweisen, dat entgéint den Ukënnegunge vu virun engem Mount, d‘Liwwerunge vu Pëtrolsproduiten a Richtung Nordkorea, net betraff sinn.

An der Resolutioun gëtt Nordkorea beschëllegt seng wéineg Ressourcen ze mëssbrauchen. De Verkaf géif net der Bevëlkerung zerguttst kommen, mee genotzt gi fir d‘Entwécklung vun Atomwaffen a ballistesche Rakéite virunzedreiwen.

Mécht kee Geld, onglécklech?

Dat ganzt Akommes, dat Nordkorea iwwer den Export erziilt, läit am Joer béi ronn dräi Milliarden US-Dollar. Ugeholl déi nei Sanktioune géifen zu 100% gräifen, reduzéiert sech d‘Akommes ëm eng Milliard. Dofir muss dann awer och jiddereen ouni Ausnam matmaachen.

Fir de chineseschen UN-Ambassadeur Liu Jieyi ass et wichteg datt „all bedeelegt Parteie mussen d‘Resolutioun och ëmsetzen“. Him ass et awer wichteg ze betounen, datt dës Sanktiounen net d‘Vocatioun hätten e negativen Impakt op d‘Bevëlkerung ze hunn.

An der Resolutioun ass dann och festgehalen, datt et a Nordkorea keng nei gemeinsam Entreprise mat auslännesche Firmen dierf ginn. Och dierfen déi Firmen, déi a Nordkorea vertruede sinn, keng nei oder weider Investissementer maachen. Nordkorea dierf och d‘Zuel vu sengen „Auslandsaarbechter“ net erhéijen. Nordkoreanesch Schëffer déi géint d‘UN-Resolutioun verstoussen, kann et verbuede ginn auslännesch Häfen unzelafen.

Als weider Mesure, dat am Finanzsecteur, ass d‘Aussenhandelsbank vu Nordkorea handlungsonfäeg gemaach ginn. D‘Bank déi zoustänneg ass fir d‘Transaktioune mat Devisen ass mat op der Lëscht komm, vun Entitéiten deenen hiert Geld zanter de leschte Resolutiounen „agefruer“ ginn ass.

Sanktiounen zanter 2006 an awer kee Schratt weiderkomm

D‘Vereenten Natioune verhänken zanter 2006, d‘Joer vum éischten Atomtest, Sanktioune géint Nordkorea. Mat der Resolutioun vun ee Samschdeg, sinn et elo scho siwe Sanktiounspäck déi Pyongyang operluecht kritt huet. Woubäi déi dräi läscht sech ëmmer direkt op déi nordkoreanesch Wirtschaft ausgewierkt hunn.

Optimistesch betruecht de François Delattre d‘Situatioun. De franséischen UN-Ambassadeur mengt dat nei Sanktiounen d‘Kaarten nei mëschen. „Se weisen d‘Eenheet an d‘Konsequenz vum UN-Sécherheetsrot“. D‘Ausseministesch vu Südkorea, Kang Kyung-Wha huet nach um Samschdeg sengem nordkoreaneschen Homolog, Ri Hong-Yo d‘Hand gereecht. Si wier fir Gespréicher bereet.

De nordkoreaneschen Ausseminister hëlt dëse Weekend deel um Joresforum vun de südostasiatesche Länner (ASEAN). Deelhuele soll och den US-Ausseminister Rex Tillerson. Experte ginn net dovunner aus, datt béid Minister fir eng Entrevue zur Verfügung stinn. Iwwerhaapt ass net dovunner auszegoen, datt, falls et zu Gespréicher oder Verhandlunge géif kommen, Nordkorea déi a Präsenz vun den USA géif féieren.

mam Carole Landry a Philippe Rater/AFP

Foto: Déi amerikanesch UN-Ambassadrice Nikki Haley (r) am Gespréich mam chineseschen UN-Ambassadeur Lieu Jieyi virun der Ofstëmmung iwwert déi vun den USA agereechte Resolutioun (© Eduardo Munoz Alvarez/AFP)

Next post Previous post