Search

You may also like

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?
Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Gëtt elo alles besser?

Um Méindeg huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op

Et geet Italien politesch grad net gutt
Neiegkeeten

Et geet Italien politesch grad net gutt

D‘Regierungskris an Italien, déi de Giuseppe Conte mat senger Récktrëtt

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn

Den Informatik Projet „Pabeierfräi-Justiz“, oder wéi dat am Chamber-lëtzebuergesch genannt gëtt: Paperless Justice (net dat ob emol jidderee versteet wat gemengt ass) deen den Deputéierten e Mëttwoch vun der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) virgestallt ginn ass, huet et an sech.

An deem op Anglizisme fundéierte Projet gëllt et awer emol fir unzefänken drop hinzeweisen, datt et dem Sam Tanson ee ganz, wierklech ganz wichtegt Uleies ass, datt d‘Justiz fir jidderee méi accessibel a méi verständlech muss ginn, firwat et och drëms geet d‘Recht ze „vulgariséieren“. Dat awer wann ech gelift a franséischer Sprooch, eventuell och op däitsch a vläicht nach englesch.

De Projet ëmfaasst 13 Initiativen, mat deenen d‘Pabeierflut am Kontext vun de Prozeduren an am Echange soll agedämmt ginn. Zil ass also, d‘Jurisprudenz progressiv an anonymiséiert dem Beruffssecteur an dem Public zur Verfügung ze stellen. Et heescht dann och, datt d‘Objektiv doranner fousst, datt een all d‘Acteure vun der Justiz an och de Bierger „interkonnektéiere“ wëll.

Ee vun de Projete war et beispillsweis, 43.000 juristesch Entscheeder online ze stellen. Elo gëtt dann och gepréift wéi ee kënschtlech Intelligenz asetze ka fir dës Entscheeder ze anonymiséieren. Zousätzlech gëtt iwwert ee Referenz-Portal nogeduecht, fir eng Interkonnexioun mat der Plattform vun de Gestioun vun den zivillen a kommerziellen Affäre mam Beruff-Reseau hierzestellen.

De Bierger soll dann iwwert de Site myguichet.lu (do gëtt et dann eng App) online seng Prozeduren ofwéckele kënnen. Kléngt no engem gudden Usaz, mee et verlaangt no weideren Erläuterungen, an déi wäert et hoffentlech zu engem spéideren Zäitpunkt ginn. Fir den Ament muss ee sech mat dëser Virwëtztut zefridde ginn. Generell ass et awer net verkéiert, iwwerhaapt dat ganzt unzegoen.

Wou de Projet d‘Justiz ze „informatiséieren“ schonn 2014 an Ugrëff geholl gouf, nodeems schonn 2000 éischt Iwwerleeunge stattfonnt hunn. Wann alles säi Wee wéi geduecht geet, da sollten déi 13 Initiative vum Projet a siwe Joer ofgeschloss sinn. Käschtepunkt: 29,3 Milliounen Euro, wouvunner 1,5 Milliounen op de Staatsbudget 2020 entfalen. Et ass also nach net fir muer an iwwermuer…

Déi Deputéiert hunn dat Ganzt begréisst, well si der Usiicht sinn datt d‘Justiz generell méi a virun allem besser accessibel muss gemaach ginn. Si bestinn allerdéngs op Sécherheet, firwat si sech vum Ministère erwaarden, datt dësen alles an d‘Wee leet fir de Risk vun Dateklau a Manipulatioun op e Minimum ze reduzéieren. Et handelt sech heibäi jo och ëm besonnesch sensibel Daten…

Foto: © Maria Luisa Guttierez / Freeimages

Related topics Digitaliséierung, Justizministère, Pabeierfräi Justiz, Paperless Justice, Sam Tanson
Next post Previous post