Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag
Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht
Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht
Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri
Gutt Nouvelle vun der Bildungsfront: zum 1. Januar lancéieren déi
Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de Julian Assange, Grënner vu WikiLeaks, auszeliwweren. D‘US-Justiz huet zudeem 17 nei Uklopunkten opgefouert an de 47 järege riskéiert bei – elo 18 Punkten – eng Héchststrof vun 175 Joer.
Nieft der Klo wéinst Verëffentlechung vu geheimen Dokumenter, ginn dem Assange dann elo och wéi erwaart Spionageaktivitéite virgeworf. Dësen neie Virstouss vun der US-Justiz, kënnt ee Mount nodeems déi britesch Police den Internet-Aktivist an der ecuadorianescher Ambassade verhaft hat.
Dem Julian Assange war virgeworf ginn, géint Kautiounsoplage verstouss ze hunn an hei zu 50 Woche Prisong veruerteelt ginn. Mee net nëmmen d‘US-Autoritéiten hunn en „Interessi“ un deem Mann, deem si – zesumme mat der Whistleblowerin Chelsea Manning – Verschwierung virwerfen.
Och de schwedesche Procureur huet en Haftbefehl géint den Assange ausgestallt. Hei geet et ëm de Verdacht vun enger Vergewaltegung, firwat de Julian Assange sengerzäit vun der britescher Police verhaft gi war. No villem hin an hir hat hien an der ecuadorianescher Ambassade „Asyl“ erhalen.
Wéi et elo weider geet? Geséchert ass wuel näischt, mee eng Rei britesch Juriste gesinn unhand de bestoenden Accorden tëscht Groussbritannien an den USA kaum Chance fir den Assange. Formell ass d‘Ausliwwerung fundéiert an et bréicht hei méi wéi nëmmen Argumenter fir déi ze stoppen.
Géif déi britesch Justiz elo der Fuerderung vun den Amerikaner nokommen, wäert den Ugekloten awer iwwer Schweden un d‘USA ausgeliwwert ginn. Den Ament sinn dem Assange seng Affekote mat der Analys vun den neie Beschëllegunge beschäftegt fir eng Ausliwwerung ze verhënneren…
mat indymedia/nyc/lon/sto
Foto: Trotz alle Beméiunge vun der US-Justiz, huet de WikiLeaks-Grënner och zéng Joer nodeems d‘Saach un d‘rulle komm ass, nach ëmmer vill Ënnerstëtzer. 500 Mënscherechtsorganisatiounen an e sëllechen Acteure vun der Zivilgesellschaft fuerdere weiderhin seng Fräiheet. (Elekh / CC-BY-SA)