Search

You may also like

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst
International Neiegkeeten

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst

An der Nout erkennt ee seng Frënn, heescht et a

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?
International Neiegkeeten

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung,

Nei US-Sanktiounen an ausgewisen Diplomaten

No engem Hackerugrëff deen d‘Russe solle verüübt hunn, ginn zéng Diplomaten heemgeschéckt a géint aner Persounen an Organisatioune gi Sanktioune verhaangen, esou Washington. Vu Moskau heescht et dozou: „Dir hutt se dach net méi all“ a versprécht wéi gewinnt eng appropriéiert Äntwert.

Nei US-Sanktiounen an ausgewisen Diplomaten

Washington beschëllegt d‘Russen ee massiven Hackerugrëff op Ministèren, Verwaltungen an och Entreprisen an den USA ënnerholl ze hunn. Gett et dofir Beweiser? Net wierklech, woubäi déi amerikanesch Autoritéiten, déi sech mam Problem befaassen, vermudden datt dem Kreml seng Informatik-Chaoten derhannert stiechen. Dat ass wuel Beweis genuch, oder huet een Zweiwel?

Richteg ass awer, datt sech Informatikspezialiste mat enger dubiéiser Moral, Zougang zu den Netzer iwwert eng a ganz Amerika agesaten „Wartungssoftware“ vu SolarWinds verschaaft hunn. Iwwer Méint konnten d‘Hacker sech an dësem Netzwierk austoben. Fir esou eppes ze verhënneren huet et eigentlech d‘CISA, den Departement fir Cyber- & Infrastruktursécherheet vum Heemechtschutz.

Mat de Sanktioune soll, well et anengems gëtt, och géint ee supposéiert Kappgeld virgaange ginn, datt den Zar Vladimir I. géint US-Zaldoten am Afghanistan ausgeschriwwen hätt. Beweiser dofir huet selbstverständlech keng, dofir awer laangjäreg Erfarung, well de CIA huet dës Method wärend der russescher Besatzung vum Afghanistan, mat den Taliban an engem gewësse bin Laden erprouft.

Dësem ganze Gedeessems war ee Gespréich tëscht dem US-President an dem President vun der russescher Federatioun virausgaangen. Ugesiichts de Fakten, muss dat net gutt verlaf sinn, firwat d‘Amerikaner zu Mëttel gräifen, déi de Géigner zu Gespréicher motivéiere soll. Et ass wuel richteg, datt ee sech besser Konzentréiert, wann de Gespréichspartner engem de Klabes un d‘Schléif hält.

Chaotesch Iwwersiicht

Zu den „Diplomaten“ déi Washington ausweist, gehéieren natierlech och fënnef Mataarbechter vum russesche Geheimdéngscht. Also esou behaapt et d‘US-Regierung. Sechs Russesch IT-Entreprisen, deenen ënnerstallt gëtt, datt si d‘Geheimdéngschter ënnerstëtzen, ginn och mat Sanktioune beluecht. Idem fir 32 Persounen an Organisatiounen, déi solle versicht hunn d‘US-Wahlen ze beaflossen.

Aacht Persounen/Entreprise ginn an Ofsprooch mat de „Partner“ (den US-Ausseministère huet d‘EU an all eenzelen EU-Member ugewisen sech unzeschléissen) wéinst der Besatzung vun der Krim mat Sanktioune beluecht. Zudeem kritt Moskau erkläert, datt ee keng Zaldoten u senge Grenzen opstelle kann, ouni datt et dozou eng appropriéiert militäresch vun der NATO ka ginn.

Anescht ausgedréckt: datt NATO mat den USA massiv Truppen a Rakéiten a Proximitéit vun der russescher Grenz (Polen, Ungarn an Ukrain) opriichten, sollt vu Moskau als Signal verstane ginn, datt een déi eege Kräften zeréckzitt. Zudeem soll den Jo Biden de Vladimir Putin opgefuerdert hunn, sech méi manéierlech a virun allem verséinlech auszedrécken. Eng Äntwert koum prompt…

Zu Moskau gouf den US-Ambassadeur John Sullivan zum Téi agelueden, hu sech vun dësem nach emol alles a Rou erkläre gelooss. Leider war och dësen net an der Lag senge russesche Partner déi vu Washington ënnerstallten „Amëschung an d‘Hackerattack“ fundéiert ze argumentéieren. Hie krut an dësem Kontext dann uschléissend erkläert, datt ee wuel déi selwecht Mesuren ergräife wäert.

Wärend dëser Entrevue, huet deen anere „Sullivan“, nämlech den nationale Sécherheetsberoder Jake Sullivan den Amerikaner an der Welt op CNN erkläert: „Et geet eis drëms, eng bedeitend a glafwierdeg Äntwert op d‘Ugrëff a Provokatiounen ze liwweren, ouni et zur Eskalatioun vun der Situatioun kommen ze loossen. (…) Et geet grondsätzlech ëm d‘Duerchsetze vun US-Interessen“.

mat indymedia/nyc/mow

Illustratioun: © Kevin Wang / unsplash

Related topics Anthony Blinken, Hacker, Joe Biden, Krim, Russland, Sanktiounen, Ukrain, USA, Vladimir Putin
Next post Previous post