Search

You may also like

dislike
D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst
Kultur Neiegkeeten

D’COP23 vum Trump-Effekt ausgebremst

Déi 23. Sëtzung vun der UN-Klimakonferenz (COP23) ass zu Bonn

money
Schwiereg Zäiten och fir d‘Brasserie Nationale
Kultur Neiegkeeten

Schwiereg Zäiten och fir d‘Brasserie Nationale

Datt de wirtschaftleche Bilan fir déi Käerjenger och „Covid19-belaascht“ ass,

Sécher mam Auto an d’Vakanz – Heirop sollt een dëst Joer oppassen!
Kultur Neiegkeeten

Sécher mam Auto an d’Vakanz – Heirop sollt een dëst Joer oppassen!

Wien an dësem Joer mam Auto an d’Vakanz fiert, kënnt

Nei am Verlag Binsfeld: Holland träumen

Lyrik vum Pol Schmoetten

Nei am Verlag Binsfeld: Holland träumen

„Kannst nicht / Was geschrieben steet / Schreiben erneut“, heescht et am Pol Schmoetten sengem neie Lyrikband Holland träumen. Getrei dësem Motto geet den Dichter op d’Sich no neie Wierder a Weise vun der Perceptioun. A sechs Cyclë reest de Schmoetten duerch bannescht a baussecht Welten.

Seng kuerz Gedichter beschreiwe fréi Mueresstonnen, an deenen déi lescht Iwwerreschter vun der Nuecht an den Dag eriwwerginn a sech Dreem a Wierklechkeet nach net kloer ënnerscheede loossen. Si handele vun hollännesche Landschaftsandréck a reflektéieren iwwer Konscht a Molerei. Geleeëntlech blëtzt och déi politesch Aktualitéit vun de leschte Joren tëscht de Versen op. Donieft handelen d’Texter vu ganz Perséinlechem, wéi Erënnerungen an Äddien.

Dem Pol Schmoetten seng Lyrik setzt op déi genau Beobachtung, op d’Komponéiere vu Biller, déi dat Erliefte kloer ze faasse versichen. „Legst tintern enges Gitter aus /Welt präzise zu fangen.“

Iwwert de Pol Schmoetten

De Pol Schmoetten, 1958 gebuer, huet Philosophie, Theologie, klassesch Philologie a Musek studéiert. Zënter zwanzeg Joer ass hie Kommissär fir Musekscoursen zu Lëtzebuerg. A senger fräier Zäit zu Béiwen un der Attert a Goedereede sinn divers Gedichter an Texter entstanen. Fir d’Erzielungen Der Tag des Igels krut hien 2000 de Prix Servais. Fir d’Lescht ass beim Verlag Binsfeld säi Lyrikband Im Nachtpark (2013) erauskomm.

Weider Detailer zum Buch

Um 16. November koum Holland träumen vum Pol Schmoetten eraus. D’Wierk huet 112 Säiten, kascht 20 € an ass gebonnen mat Schutzenveloppe. ISBN: 978-99959-42-55-7

Related topics Dram, Editions Guy Binsfeld, Gedicht, Holland träumen, Lyrik, Moien, Mueresstonnen, Pol Schmoetten, Realiteit
Next post Previous post