Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’EU?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’EU?

[onionbuzz quiz-id=158][/onionbuzz] D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
Neiegkeeten

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un

Et briechen nei Zäite bei der LSAP un

Den Alex Bodry wiesselt an de Staatsrot, de Franz Fayot gëtt Wirtschaftsminister, de Georges Engel kritt de Fraktiounsvirsëtz an d‘Francine Closener kéint d‘Presidence vun der LSAP iwwerhuelen.

Et ass en zimlech „grousse“ Remaniement deen sech d‘LSAP zum Joresufank leescht. Op et schonn eng „Erneierung“ ass, muss sech awer nach erausstellen. Et war dann och gutt, datt den Alex Bodry op der Antenn vum Bertelsmann gesteierte Staatssender RTL kloer gestallt huet, datt hien „net aus enger politescher Iwwerleeung eraus“ an de Staatsrot wiesselt, mee et dofir perséinlech Grënn gëtt.

De Franz Fayot iwwerhëlt d‘Nofolleg vum Etienne Schneider am Wirtschaftsministère. Dës Ofléisung hat den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen bei der Budgetsdebatt genotzt, fir eng Attack ze reiden, déi hiren Effet net ausgelooss hat. Den neie Wirtschaftsminister huet also, nach iert ee säi Mandat an Ugrëff hëlt schonn emol d‘Gewëssheet, datt hie d‘Zilscheif vun der Oppositioun ass.

Mam Ministerposte fir de Fran Fayot gëtt de Poste vum LSAP-Parteipresident fräi. Dee kéint sech d‘Francine Closener sécheren. Si ass an der Partei respektéiert a bréngt déi néideg Erfahrung mat. Si ass bekannt gutt vermëttelen ze kënnen an och déi „Jonk“ schéngen si ze appreciéieren. Déi nächst Woche wäerten also Spannend ginn. En Datum fir de nächste Kongress ass nach net bekannt.

Dat ass dann en zolitte Start an dat neit Joer an et kann een der LSAP dann och nëmme vill Erfolleg mat der Restrukturatioun wënschen.

Illustratioun: Mohamed Hassan / Pixabay

Related topics Alex Bodry, Etienne Schneider, Francine Closener, Fränz Fayot, LSAP, Remaniement
Next post Previous post