Search

You may also like

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!
International Neiegkeeten

Säit 2004 op der Flucht: De Jean Marc Kiesch gouf a Spuenien festgeholl!

Duerch déi virbildlech Zesummenaarbecht vun de Fugitive Active Search Teams

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg
International Neiegkeeten

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg

Duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 si weider Upassungen am

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin
International Neiegkeeten

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin

Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun

D‘Welthandelsorganisatioun (WTO) stécht a enger existenzieller Kris, an dem aktuelle WTO-Chef, Roberto Azevedo säi Mandat leeft Enn August aus. Fënnef Männer an dräi Fraen hu sech fir dëse Poste gemellt. Si hunn sech dës Woch eng éischte Kéier um Sëtz vun der Institutioun zu Genève de Froe vun den Ambassadeure vun den 164 Memberlänner gestallt.

Am Mee hat de brasilianesche WTO-Direkter Roberto Azevedo iwwerraschend annoncéiert, datt hie säi Mandat zur Verfügung géif stellen. Et dierft dem Brasilianer net schwéier gefall sinn, wou gewosst ass, datt seng Regierung éischter op der Linn vu Washington ass, an den US-President ass der Welthandelsorganisatioun jo net wierklech frëndlech gesënnt. Do ass et besser et geet een…

Wat d‘WTO elo brauch, ass ee Leader dee konsensfäeg Léisungen ausschaffe kann a gläichzäiteg ee gewëssent politescht Gewiicht Opweises huet. Dës Konditiounen hätt den EU-Handelskommissär Phil Hogan erfëlle kënnen, mee och hien huet kuerz virun Ultimo kal Féiss kritt a seng Kandidatur kuerz virum Auslafe vun der Frist zréckgezunn. Déi Schwäizer hu guer kee Kandidat opgestallt.

London huet de fréieren Handelsminister Liam Fox a Kenia déi fréier WTO-Ambassadrice an Ausseministesch Amina Mohamed an d‘Renne geschéckt. Den egyptesche Kandidat Abdel-Hamid Mamdouh, huet ee Schwäizer Pass a wunnt scho länger zu Genève. Dat sinn emol déi vun deenen d‘Experten ausginn, datt si déi gréisste Chancen hunn, mee och déi aner fënnef wëllen et wëssen.

Déi aner sinn: fir Mexiko, den Dr. Jesus Seade Kuri; fir Nigeria, den Dr. Ngozi Okonjo-Iweala; fir Moldawien, den Tudor Ulianovschi; fir Südkorea, den Yoo Myung-hee; a fir Saudiarabien, den Mohammad Maziad al-Tuwaijri.

Den Handelskrich am Hannergrond

D‘WTO, där hiren Optrag et eigentlech sollt sinn, Handelsbarrièren anzeräissen a Streitegkeeten ze schlichten, stécht allerdéngs matten an enger institutioneller Kris. 25 Joer no hirer Grënnung huet sech Washington an de Kapp gesat, och d‘Welthandelsorganisatioun no eegenem Gusto ëmzebauen an huet d‘Schiidsgeriichter mat engem Trick schachmatt gesat. Si hu kee Riichter méi nominéiert.

Eng u sech logesch Folleg, vun deem vum Donald Trump ausgeléisten Handelskrich mat China an der EU. Dat sinn dann och déi Länner, déi regelméisseg de Schiidsgeriichter eppes Aarbecht gemaach hunn. D‘EU huet sech wéinst illegale Subventioune fir Airbus misse rechtfäerdegen, mee och Washington a Peking haten en Abonnement. Säit Dezember kann awer net méi geschlicht ginn.

De Professer Manfred Elsig vum World Trade Institute (WTI) vun der Uni Bern erënnert drun, datt sech d‘Bedeitung vum Mechanissem bei der leschter Wirtschaftskris (2008/09) erwisen hätt. „Vill Länner hu manner Protektionismus bedriwwen, well si woussten, datt si géint WTO-Reegele géife verstoussen. Ouni Schlichtung awer, ginn dës Reegelen an der Praxis ausgesat“, esou de Professer.

Reforme sinn ouni Konsens onméiglech

Woubäi een natierlech och muss agesinn, datt dës Reegelen net méi ganz de Realitéite vun den haitegen Zäiten an Ufuerderungen entspriechen. D‘Weltwirtschaft huet sech bannent de 25 Joer verännert. Den elektroneschen Handel kritt eng ëmmer gréisser Bedeitung, bei den Urheberrechter bréicht et Reformen an et dierf een net vergiessen datt China elo eng Wirtschaftsmuecht ass.

Elo weess een awer, wéi schwiereg et schonn ass sech zu 27 op eng gemeinsam Linn ze eenegen, an zu 164 ass dat exponentiell nach eppes méi komplizéiert. „Upassungen“ vun de Reegelen huet et esou wéineg ginn, datt ee schonn zolidd duerno siche muss. Schold dorunner hunn déi grouss Differenze bei den Interessen an et dierf ee behaapten, datt déi 164 fir ee Konsens net räif sinn.

Deen awer brauch scho bei der Wal vum neie Leader. Wann da gewosst ass, datt grad de Konsens keng Stäerkt vun de WTO-Ambassadeuren ass, kann ee sech liefhaft virstellen, datt d‘Sich nom gëeegente Kandidat sech wäert iwwert Méint ewechzéien. Et ass zudeem dovunner auszegoen, datt si zu Genève nom Ausschlussprinzip virgoe wäerten. Mee zu Genève wéi zu Bréissel presséiert et.

Et huet och Fristen

Streng geholl, misst bis zum 7. November eng Entscheedung gefall sinn. Dat dierf een, ouni mam Fanger op deen een oder aneren ze weisen, ausschléissen. Et ass net nëmmen dat ganzt internt Gestreits, datt hei eng Roll spillt, mee am November gëtt an den USA gewielt. Esoulaang wéi net gewosst ass op den Trump US-President bleift, wäert zu Genève keng Decisioun geholl ginn.

De Roberto Azevedo awer geet wéi ugekënnegt Enn August senger Wee, an esou mussen sech d‘WTO-Ambassadeuren ënner allen Ëmstänn op en Interimsdirekter verstännegt kréien. An hei steet dann och schonn direkt den nächste Problem am Raum. Streng geholl, sollt een dovunner ausgoen, datt ee vun de véier Vizedirekter fir d‘Iwwergangszäit sollt kënnen ernimmt ginn.

Hei stinn dem Nigerianer Yonov Frederick Agah seng Chancen éischter schlecht, de däitsche Karl Brauner huet och net wierklech vill Zousproch ze erwaarden, an tëscht de ëm Alan Wolff (USA) an dem Yi Xiaozhun (China) ze entscheeden, wäert um Konsens scheiteren. Woubäi den Amerikaner an de Chines opgrond hirem „bilateralen Dissens“ vläicht souwisou sollten ausgeschloss ginn.

mat indymedia/gva

Foto: Am Januar haten de WTO-Direkter Roberto Azevedo an den US-President Donald Trump am Kader vum Weltwirtschaftsforum zu Davos esou eppes wéi ee bilateraalt Gespréich. Schonn deemools war ersiichtlech, datt dem Brasilianer seng Zäit als WTO-Chef ofgelaf war. Et kann een net zwee Häre gläichzäiteg déngen. © WTO

Related topics Neiopstellung, Reformen, Roberto Azevedo, Welthandelsorganisatioun, WTO
Next post Previous post