Search

You may also like

Bundestag beschléisst d‘Noutbrems
International Neiegkeeten

Bundestag beschléisst d‘Noutbrems

Ee Mëttwoch gouf zu Berlin, no verluerene 14 Méint, endlech

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer
International Neiegkeeten

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer

Gewalt doheem ass een dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse

Lëtzebuerger Tram: Ännerungen am ëffentlechen Transport!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Tram: Ännerungen am ëffentlechen Transport!

Am Kader vun der nächster Etapp bei der Konstruktioun vum

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir

„Den Ament ass esou, wéi wa mir géife blannemännerches an ee Minnefeld lafen“, behaapt d‘UN-Generalsekretärin vum UN-Klimasekretariat, Patricia Espinosa

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir

Et schéngt nach ëmmer net wierklech verstanen ze ginn, datt de Klimawandel eng reell Bedreeung fir de Planéit, esou wéi mir e kennen, ass. Dëse Constat bezitt sech op de Fait, datt déi aktualiséiert Klimapläng vun de Vertragsstaate vum Paräisser Klimaofkommes wäit hannert den Erwaardungen zeréckleien.

An dësem Kontext dierf un eng Schlagzeil aus dem Spiegel vum 2. Februar 2007 higewise ginn: „UNO schlägt Alarm – Klimaapokalypse naht“. Vun do hunn, gouf et säitens de héijer Politik vill grouss Annoncen, leider net déi begleedent Moossnamen. Eigentlech hätten d‘Vertragsstaate bis zum 31. Dezember hir aktualiséiert Pläng misse virleeën, mee vill „loossen op sech waarden“.

Domadder net genuch. Déi wou hir „aktualiséiert Pläng“ virgeluecht hunn, wëllen dat wat si längst zougesot hunn, elo awer net méi an deem Ëmfang ëmsetzen. „Den Ament ass esou, wéi wa mir géife blannemännerches an ee Minnefeld lafen“, huet gëschter d‘Generalsekretärin vum UN-Klimasekretariat, Patricia Espinosa erkläert. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres betount: „Den haitegen Tëschebericht vum UN-Klimasekretariat ass ‚Alarmstuf Rout‘ fir eise Planéit“.

Zur Erënnerung: am Paräisser Klimaofkommes verflichten sech all bedeelegt Länner/Natioune vun der Welt, d‘Äerderwiermung op däitlech ënner 2°C (besser wieren 1,5°C) ze begrenzen. Aus dem Accord geet allerdéngs net ervir, wat dat fir all eenzelt Land bedeit. Dat soll all Land fir sech selwer entscheeden, woubäi se gehale sinn hir Pläng reegelméisseg unzepassen, an dat unzemellen.

Et geet d‘Baach of…

Elo, mat der Verëffentlechung vun der Berechnung vun den neie Klimaziler, nodeems jo awer huet misse bewäert gi wat dem UN-Klimasekretariat agereecht gouf, kann ee sech eigentlech nëmmen nach wonneren. 75 Länner hunn hir „Hausaufgabe“ gemaach, si sinn awer just fir 30% vun de globalen Zäregasemissioune verantwortlech. All déi aner hunn den Termin versträiche gelooss.

Vun dëse 75 Länner déi hir iwwerschaffte Klimapläng virgeluecht hunn, gëtt et der tatsächlech, déi méi ambitionéiert virginn. Dat si virun allem Länner vun der Europäescher Unioun, mee och esou Exote wéi Argentinien, Chile, Groussbritannien, Kenia, Norwegen an d‘Ukrain, schéngen decidéiert méi ze ënnerhuelen. Anerer wéi: Australien, Japan, Neiséiland, Russland, Schwäiz a Südkorea hunn hir Ziler – am Verglach mat 2015 – net erhéicht. Brasilien ass esouguer hannert fréier Zousoe gefall.

China an d‘USA sinn och net presséiert hir Aktualiséierunge virzeleeën, sinn awer déi Natioune mam gréisste CO²-Ausstouss. Säitens der UNO gouf awer drop higewisen, datt ee sech an de kommende Wochen déi aktualiséiert Pläng erwaart. Bei den Amerikaner, kann een den Delai nach verstoen, de Joe Biden huet jo eréischt am Januar verkënnt dem Ofkommes nees bäizetrieden.

Trauregen „Déjà Vu“

Elo erkläert d‘Patricia Espinosa zwar, datt dëse Klimabericht nëmmen eng Momentopnam wier an net dat ganzt Bild géif ëmfaassen, an datt wéinst der Covid19-Pandemie, d‘Länner hir Kräften hu missen anescht andeelen. Si weess selwer, datt dës „Erklärung“ sech net hale léisst, mee si muss jo och diplomatesch virgoen. Hire Job ass et d‘Länner ze motivéieren, an net ze dirängelen.

Klimabericht

Fir de Verzögerunge Rechnung ze droen, hätt ee beschloss, virum nächste Weltklimasommet am schottesche Glasgow, nach emol ee Bericht virzeleeën. Dann awer hoffentlech mat kompletten Datesätz. Si invitéiert all déi Länner, wou nach net derzou komm sinn, hir nei Pläng zu Pabeier ze bréngen, dat elo méiglechst zäitno ze maachen. Erzwénge kann si d‘Virlag vun de Pläng awer net.

Bleift ze begréissen, datt zumindest d‘Länner vun der Unioun hir aktualiséiert Klimapläng am Delai virgeluecht hunn. Si hunn sech esouguer iwwertraff. D‘EU huet hir Ambitiounen däitlech eropgesat, wat Deels och mam „New Green Deal“ ze verbannen ass. Interessant dierften déi aktualiséier Pläng vun de Chinesen an den Inder sinn. Mee et geet längst net méi ëm „Proposen“, et brauch Aktioun…

mat indymedia/cgn/nyc

Related topics Äerderwiermung, Antonio Guterres, Klimawandel, Klimaziler, Paräisser Accord, Patricia Espinosa, UNFCCC
Next post Previous post