Search

You may also like

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus
Neiegkeeten

Gratis Tickete fir de Lëtzebuerger Adventszirkus

Vergaangene Méindeg huet de Stater Schäfferot een Don vun 1050

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!
Neiegkeeten

D’Staater Émaischen – Wann d’Péckvillercher nees zwitscheren dierfen!

Wéi all Joer annoncéiert d’Ouschterfest nees den traditionelle Mart vun

Esch2022: Kultur ass Nohalteg
Neiegkeeten

Esch2022: Kultur ass Nohalteg

Déi gesamt Esch2022-Regioun, mat Esch-Uelzecht, der zweetgréisster Stad vu Lëtzebuerg,

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

De neie Kollektivvertrag bei der Luxair ass ënnerschriwwen

Gëschter am spéiden Nomëtteg, hunn d’Gewerkschaften OGBL an NGL-SNEP an engem gemeinsame Communiqué bestätegt, datt si mat der Direktioun vun der Luxair, en neie Kollektivvertrag ënnerschriwwen hunn.

De neie Kollektivvertrag séchert d’Interesse vun de Salariéeë vun der Luxair an dem 30. Juni bis zum 31. Dezember 2020. An et schéngt e gudde Kollektivvertrag ze sinn, bei deem notamment eng linear Erhéijung vun 30 Euro vir all Gehaltsstuf ab dem 1. Januar 2019 virgesinn ass.

Zudeem soll et zum 1. Januar 2020 eng eenzel Prime an héicht vu 600 Euro. Dat zousätzlech zum „13. Mount“ deen elo schonn no véier Joer Anciennetéit, a net méi no fënnef Joer, ausbezuelt gëtt.

D’Luxair huet dann och nach versprach séier Léisungen ze fannen, fir e Bestellung- a Verdeelersystem fir d’Iessen am Fliger ze fannen, mat deem d’Equipagen och eens ginn. Et soll och – duerch eng besser Qualitéitskontroll – besser beim Iesse fir d’Personal vum Fluchhafen uecht gedoe ginn.

A well et grad esou schéin ass, huet d’Direktioun sech formell engagéiert d’Aarbechtskonditioune fir d’Fluchpersonal ze verbesseren, an esou de Risk, deen duerch Middegkeet kann entstoen, reduzéieren. Eng Fuerderung déi scho laang am Raum stoung wier domatter erfëllt.

Et dierf een dann och begréissen, datt no gréisseren Divergenzen, déi et zu Joresufank ginn hat, d’Direktioun vun der Luxair a béid Gewerkschaften, de Sozialdialog nees a richteg Bunne geleet hunn. Hei ass e Kompromëss erauskomm, op dee vill aner europäesch Fluchgesellschaften houfreg wieren.

Related topics Kollektivvertrag, Luxair, NGL-SNEP, OGBL
Next post Previous post