Search

You may also like

D‘ALJP setzt sech zur Wier
Neiegkeeten

D‘ALJP setzt sech zur Wier

Et ass net esou datt d‘ALJP all d‘Journalisten am Land

Beamten hunn ëmmer Recht
Neiegkeeten

Beamten hunn ëmmer Recht

Et ass ëmmer nees en interessanten Exercice, wann d‘Mediatrice vun

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht
Neiegkeeten

Berlin vergënnt Lëtzebuerg eng Extrawurscht

Um Méindegmueren huet d‘Bundesregierung beschloss, datt d‘Leit déi aus Risikolänner

En neie Pawee um Boulevard Jean Ulveling (11.-14.09.2020)

En neie Pawee um Boulevard Jean Ulveling (11.-14.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung deele mat, datt vu Freides, den 11. September 2020 géint 20:00 Auer bis Méindes, de 14. September 2020 géint 5:00 Auer de Boulevard Jean Ulveling en neie Pawee kritt.

Duerch dës Aarbechten kënnt et zu e puer Ännerungen am Verkéier:

  • Spärung vum Boulevard Victor Thorn tëscht der Rue Sigefroi an der Montée vum Pafendall;
  • Spärung vum Boulevard Jean Ulveling tëscht der Côte d’Eich an der Montée vum Pafendall;
  • Spärung vun der Montée vum Pafendall tëscht der Rue Sosthène Weis an dem Boulevard Jean Ulveling.

D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi néideg Beschëlderung.

Och am ëffentlechen Transport ginn et eng Rëtsch Upassungen fir d’Linnen 0, 14 an 20:

A Faartrichtung Hamilius Richtung Clausen ginn dës Linnen ab dem Arrêt Badanstalt iwwert d’Côte d’Eich an de Pafendall bis a Clausen ëmgeleet. D’Haltestellen Um Bock, Plateau Altmünster a Clausener Bréck Quai 1 entfalen. D’Linn 9 kritt a Clausen e provisoreschen Arrêt op der Héicht vum Haus 59 Allée Pierre de Mansfeld, wärend d’Linnen 14 an 20 normal d’Haltestell Clausener Bréck Quai 4 ufueren;

A Faartrichtung Clausen Richtung Hamilius ginn dës Linnen ab Neiduerf/Clausen iwwert de Paffendall an d’Côte d’Eich bis bei den Arrêt Badanstalt ëmgeleet. D’Haltestelle Clausener Bréck Quai 1, Plateau Altmünster an Um Bock entfalen. D’Linn 9 kritt a Clausen e provisoreschen Arrêt op der Héicht vum Haus 59 Allée Pierre de Mansfeld, wärend d’Linnen 14 an 20 normal d’Haltestell Clausener Bréck Quai 3 ufueren.

Ulveling

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Boulevard Jean Ulveling, Chantier, Clausen, Ëffentlechen Transport, Ëmleedungen, Montée Pafendall, neie Pawee, Spärungen, Stad Lëtzebuerg, Trafic, Verkéier
Next post Previous post