Search

You may also like

Preventioun ass och Police-Aarbecht
Neiegkeeten

Preventioun ass och Police-Aarbecht

Den 2. Juli hat d‘Police ee Preventiounsdag organiséiert, dat a

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch
Neiegkeeten

Polnesch Regierung zitt ee Schlussstréch

Wärend et de Polen zolidd opstéisst, wann hir Kollaboratioun mam

Portugal am Covid19-Féiwer
Neiegkeeten

Portugal am Covid19-Féiwer

Wéinst den héijen Infektiounszuele spëtzt sech d‘Lag a Portugal zou.

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare ass gëschter den neie Quai III partiell a Betrib geholl ginn. An Zukunft wëll ee garantéieren, datt mat dësem wichtege Verkéiersknuet de Reseau vun der Nordstad effikass verbonne gëtt.

Eleng iwwert den ënnerierdeschen Duerchgang Nord wäerten d’Quaien II an III ze erreeche sinn. Bis zum Summer 2022 gëtt um südlechen Duerchgang geschafft. Fir den Echange tëscht Bus, Auto, Zuch a Vëlo ze vereinfachen fueren d’RGTR-Busser säitlech vum Parking an an direkter Proximitéit zum nërdlechen Duerchgang fort.

Duerch d’Aarbechten soll dësen Haaptverkéierspunkt net nëmme moderniséiert ginn, mee och de Persoune mat reduzéierter Mobilitéit iwwert Lift a Rolltrap den einfachen Zougang erméiglechen. Dobäi kënnt nach de P&R Parking mat méi wéi 400 Plazen.

Mam zousätzleche Quai kënnen souwuel méi Busser, wéi och Zich empfaange ginn. De Projet op der Ettelbrécker Gare soll 2023 finaliséiert ginn, wärend de P&R nach e Joer méi brauche wäert.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Auto, CFL, Ettelbréck, Ettelbrécker Gare, neie Quai III, P&R Parking, Reamenagement, Transport, Verkéier, Zuch
Next post Previous post