Search

You may also like

Si si géint de Coronavirus a seng Aschränkungen
Neiegkeeten Sport

Si si géint de Coronavirus a seng Aschränkungen

Ee Samschdeg war nees eppes „Protest“ an der Stad ugesot.

Och am Bësch kann der gehollef ginn
Neiegkeeten Sport

Och am Bësch kann der gehollef ginn

En Tour duerch d‘Gréngs a besonnesch een duerch d‘Bëscher vun

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen
Neiegkeeten Sport

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

Lëtzebuerg huet esouwäit een dat bis ewell feststelle kann, déi

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg

Qualifikatiounsspill vun der Weltmeeschterschaft, Lëtzebuerg vs Portugal muss an de Josy Barthel verluecht ginn

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg

Et ass sech also awer net mat der Zäit opgaangen. Dobäi hat sech d‘Stad Lëtzebuerg schonn eppes a Virfreed beginn, den éischten offizielle Fussballsmatch zur Aweiung vum neie Stadion, mat esou enger groussformateger Renconter kënnen ze zelebréieren.

Schold hu vill kleng Detailer: d‘Receptioun soll voll digitaliséiert sinn, iwwerall trëlle Kabelen… jee de Chantier ass nach ëmmer een… richteg „Chantier“. Vill ënnerschiddlech Beruffer kräizen a behënneren sech, an egal aus wéi engem Wénkel ee sech d‘Aarbechter ukuckt, si hunn alleguerten tatsächlech nëmmen zwee Hänn an zwee Been. Bis den 30. Mäerz gëtt dat näischt méi.

Et ass den zweete Rendez-vous vun der Qualifikatiounsphas vun der Weltmeeschterschaft, déi dem Nationaltrainer Luc Holtz seng Ekipp ze bestreiden huet. Ee puer Deeg virdrun, gëtt jo „auswäerts“ bei den Ire gespillt. An et ass dovunner auszegoen, datt och eis „National“ sech op eng Renconter mat Portugal am neie Stadion gefreet hätten. Ob si elo den Terrain awer nach Aweie wäerten?

Also den Termin vun der offizieller Ouverture, esouvill kann ee sech sécher sinn, dee wäert déi Stater Buergermeeschtesch esou leeën, datt sech domadder och ee sportlechen Event vun Internationalem Format verbanne léisst. Dat am léifsten och mat engem „ausverkaafte“ Stadion. Dat awer dierft bekanntlech vun der Entwécklung vun der Covid19-Pandemie ofhänken.

Fir den Ament awer heescht et weider op d‘Areler-Strooss pilgeren. Engem deem et och net sonnerlech vill Spaass dierft bereeden am Josy Barthel mussen opzelafen, dat ass de Cristiano Ronaldo. Weder déi al Maueren nach d‘Wiss déi vun dësen Ëmginn ass, haten et dem „Stär“ ugedoen. Eigentlech ee Virdeel fir d‘Nationalekipp, wann déi portugisesch Diva onmotivéiert ass.

Vum Christophe Nadin – mental.lu

Foto: © FIFA

Related topics FIFA, FLF, Fussballweltmeeschterschaft, Lëtzebuerg vs Portugal, neie Stadion, Qualifikatioun, Stade Josy Barthel
Next post Previous post