Blumme fir eng Ikon
Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August
[onionbuzz quiz-id=28][/onionbuzz] Déi éischte Kéier a ville Joren ass Lëtzebuerg
Madamm Minister Lenert, Madamm Minister Cahen, Dir Dammen an Häre
Am Bäisinn vum Finanzminister Pierre Gramegna an dem Direkter Pascale Toussing gouf de Steierbüro um neie Site an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
An Zukunft sollen all Büroe vu Lëtzebuerg X, Y, Z fir steierflichteg Gebittsfriemer op dëse Site plënneren, den sech op der Adress 21, rue Eugène Ruppert L-2453 Lëtzebuerg befënnt. De Büro vum RTS Non-Résident ass nom Ëmzuch ab dem 11. Oktober 2018 erëm betribsbereed.
Déi aktuell Neistrukturéierung steiert zur Moderniséierung vun de Regierungsautoritéite bäi. Souwuel déi geographesch Positioun, wéi och den hellen Accueil, Trennwänn tëschent de Büroen an d’Zentraliséierung vu méi Servicer ënnert engem Dach droen zur Verbesserung vun de Leeschtungen an Zefriddenheet vum Steierzueler bäi.
D’Büroe sinn op vu 07:45 BIS 12:15 Auer an Nomëttes mat Rendez-vous vun 13:15 bis 17:00 Auer. Hei gëtt dann och drop opmierksam gemaach, datt och eng Rëtsch Servicer um Internet disponibel sinn.
Foto: (v.l.n.r.) Luc Becker, Pierre Gramegna, Finanzminister, Pascale Toussing, Direkter vum ACD, Maryse Felgen
© Administration des contributions directes (ACD)