Search

You may also like

Opgepasst: Suspekt Persoune gi sech als Agente vum Gesondheetsministère aus
Neiegkeeten

Opgepasst: Suspekt Persoune gi sech als Agente vum Gesondheetsministère aus

De Gesondheetsministère mécht keng Hausbesich. Dat gouf elo kloer gestallt,

dislike
Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France
Neiegkeeten

Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France

D’Noriicht erfreet all Sportsfrënd am Land: Den Tour de France

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss
Neiegkeeten

D‘Nofolleg vum Etienne Schneider ass ofgeschloss

Et waren Emotiounen ze erkennen, mee et war ee siichtlech

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an Echangeur Potaaschbierg de Stroossebelag erneiert gëtt. Esou kënnt et vu Freides, de 26. Juni géint 20:00 Auer bis Méindes, den 29. Juni géint 6:00 Auer zu Spärungen an Ëmleedungen.

Spärungen:

  • D’Autobunn A1 tëscht dem Echangeur Sennengerbierg an dem Echangeur Potaaschbierg a Richtung Tréier;
  • D’Bretelle vum Accès vun den Echangeuren Sennengerbierg, Cargo-Zenter a Mënsbech a Richtung Tréier.

Ëmleedungen:

  • Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung Tréier ënnerwee ass gëtt iwwert den Echangeur Sennengerbierg an d’N1 ëmgeleet bis bei den Echangeur Potaaschbierg wou et zeréck op d’Autobunn A1 an a Richtung Tréier geet;
  • Den Trafic, dee vum CR132 an der N36 kënnt an a Richtung Tréier ënnerwee ass gëtt iwwert d’N1 bis bei den Echangeur Potaaschbierg op d’Autobunn A1 an a Richtung Tréier ëmgeleet.

D’Stroossebauverwaltung këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung.

A1

Related topics A1, Chantier, Echangeur Sennengerbierg, Ëmleedung, Neien Tapis, Potaaschbierg, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tréier
Next post Previous post