Search

You may also like

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen
Neiegkeeten

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Mee statt sech der Kritik zouzewennen, well een d‘Auer nu

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert
Neiegkeeten

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5.

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!
Neiegkeeten

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen,

En neie Stroossebelag um Beetebuerger Kräiz (19.-21. Juni 2020)

En neie Stroossebelag um Beetebuerger Kräiz (19.-21. Juni 2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag tëscht dem Beetebuerger Kräiz an der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz a Richtung Gaasperecher Kräiz nei gemaach gëtt. D’Aarbechten daueren vun e Freideg, den 19. Juni 2020 géint 21:30 Auer bis Sonndes, den 21. Juni 2020 géint 21:00 Auer.

Spärungen:

  • D’Autobunn A3 a Richtung Franséisch-Lëtzebuerger Grenz an a Richtung Beetebuerger Kräiz;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vu Schengen vun der A13 kënnt an a Richtung Autobunn A3 vum Gaasperecher Kräiz an der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vum Beetebuerger Kräiz, wann ee vum Echangeur Bireng vun der A13 kënnt an a Richtung Autobunn A3 vum Gaasperecher Kräiz an der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz ënnerwee ass;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Diddeleng, wann ee vum CR161 kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz vun der A13 ënnerwee ass.

Ëmleedungen no Plang 1:

  • Den Trafic, dee vun Diddeleng (CR161) kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz vun der Autobunn A3 ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den CR161, den Echangeur Bireng, d’A13, d’A4 an d’A6;
  • Den Trafic, dee vun Diddeleng (CR161) kënnt an a Richtung Beetebuerg ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den CR161 bis zu N31 vum Echangeur Bireng;
  • Den Trafic, dee vum Echangeur Bireng vun der A13 kënnt an a Richtung Frankräich ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Fréiseng op d’D653 (Frankräich);
  • Den Trafic, dee vum Echangeur Bireng vun der A13 kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz vun der A3 ënnerwee ass gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Helleng mat Retour op d’A13, d’A4 an d’A6;
  • Den Trafic, dee vu Schengen vun der A13 kënnt an a Richtung Franséisch-Lëtzebuerger Grenz ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Bireng an d’N31 mat Retour op d’A13 bis bei den Echangeur Fréiseng op d’D653 (Frankräich);
  • Den Trafic, dee vu Schengen vun der A13 kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz vun der A3 ënnerwee ass, gëtt iwwert d’A4 an d’A6 ëmgeleet.

Beetebuerger Kräiz

Ëmleedungen no Plang 2:

  • Den Trafic, dee vun der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz kënnt an a Richtung Schengen oder Péiteng ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Léiweng mat Retour op d’A3 a Richtung Beetebuerger Kräiz;
  • Den Trafic, dee vun Diddeleng (CR161) kënnt an a Richtung Schengen oder Péiteng op der Autobunn A13 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’CR161 an den Echangeur Helleng;
  • Den Trafic, dee vun der Franséisch-Lëtzebuerger Grenz an dem Beetebuerger Kräiz vun der A3 kënnt, fiert bidirektional mat enger maximaler Vitess vu 70 km/h.

Beetebuerger Kräiz

Related topics Beetebuerger Kräiz, Chantier, Ëmleedungen, Frankräich, Péiteng, Schengen, Spärung, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag, Tapis
Next post Previous post