Search

You may also like

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun
Neiegkeeten

Kulturfabrik erfënnt sech nei: Fir nach méi Kreativitéit, Oppenheet a Kollaboratioun

Mat iwwer 300 Evenementer an den ënnerschiddlechste kulturelle Beräicher ass

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)
Neiegkeeten

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)

Haut de Moien huet den zweete Protestpiquet op der Europaplaz

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)

En neie Stroossebelag um CR231 (11.-12.07.2020)

Duerch Aarbechten um CR231 tëscht dem Rondpoint Houwald an der Kräizung mam Boulevard Kockelscheier gëtt vun e Samschdeg, den 11. Juni 2020 géint 20:30 Auer bis Sonndes, den 12. Juli géint 20:30 Auer de Stroossebelag erneiert.

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et doduerch kënnt et zu Spärungen an Ëmleedungen kënnt.

CR231

Spärungen

  • Den CR231 tëscht dem Rondpoint Houwald (op der Héicht vum Supermarché) an der Kräizung mam Boulevard Kockelscheier;
  • D’Bretelle vun der Sortie vun der Strooss G-M1P ab der Autobunn A3 a Richtung Douane/P+R Sud Houwald an de Ban de Gasperich;
  • D’Bretelle M1P-M1H ab der Douane/P&R Sud Houwald a Richtung Houwald/Hesper.

Ëmleedungen

  • Den Trafic, dee vum Houwald a Richtung Gaasperech fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’Rue des Scillas, den Tunnel Rangwee 1, de Rondpoint Gluck an de Boulevard Kockelscheier. Emgekéiert gëlt et fir den Trafic, dee vu Gaasperech op den Houwald fiert;
  • Den Trafic, dee vun der Autobunn A3 kënnt an a Richtung Douane/P+R Sud Houwald fiert, gëtt ëmgeleet iwwert de Rondpoint Gluck an d’Autobunn A3, uschléissend iwwert d’Sortie Hesper;
  • Den Trafic, dee vu der Douance/P+R Sud Houwald a Richtung Houwald fiert, gëtt iwwert de Rondpoint Gluck, Rangwee 1 an d’Rue des Scillas ëmgeleet.

Ännerungen fir d’Stater Busser

  • Linn 21: De P+R Houwald, Lëtzebuerg-Sud gëtt net ugefuer wärend der ganzer Dauer vun den Aarbechten. D’Haltestellen Howald-P+R Lux-Sud a Gerhard Mercator falen ewech a ginn ersat duerch den Arrêt Hildegard von Bingen (Boulevard Kockelscheier);
  • Linn 29: D’Streck tëscht Houwald-Ronnebësch an der Cloche d’Or gëtt bet befuert. D’Arrêten Howald-Lux-Sud, Gerhard Mercator, Hildegard von Bingen, Leonardo da Vinci, Émile Bian, Jean Piret, Ruppert a Guillaume Kroll entfalen.
Related topics Chantier, Cloche d'Or, CR231, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Houwald, Kockelscheier, Spärungen, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post