Search

You may also like

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis
Neiegkeeten

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis

E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Ee weideren NATURATA zu Lëtzebuerg

Um 18. Oktober ass am Centre Orchimont den 10. Buttek

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis
Neiegkeeten

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

A Saachen erneierbar Energien huet Lëtzebuerg ee weidere Schrëtt no vir gemaach. Gëschter Moien ass zu Wëntger de stäerkste Wandpark vum Land ageweit ginn. Mat 7 Wandrieder, déi jeeweils eng Leeschtung vun 3,3 Megawatt hunn, kënnen elo 30.000 Bierger vum (knätsch)grénge Stroum Gebrauch maachen.

Mat enger Gesamtleeschtung vun 23,1 Megawatt a Produktiounskapassitéite vun 53 Gigawattstonn pro Joer – dat sinn ronn 20 % vun der Wandenergie, déi 2018 zu Lëtzebuerg produzéiert sinn (255 GWh) – klappen den Claude Turmes, Energieminister, de Marcel Thommes, Buergermeeschter vu Wëntger an den Claude Boever, Gestionnaire vum Wandpark sech freedeg op d’Schëller klappen. Ma, 30.000 Bierger kënne vun dësem grénge Schrëtt profitéieren.

Et geet Bierg erop

Am europäeschen Duerchschnëtt (2017) läit Lëtzebuerg mat enger Kapassitéit vun 196,4 kW/1.000 Awunner am mëttlere Beräich. Um Podium stinn hei Dänemark mat 960 kW/1.000 Awunner, Irland mat 704,7 kW/1.000 Awunner a Schweden mat 672,4 kW/1.000 Awunner. Potential no uewe besteet definitiv fir de Groussherzogtum, Efforte gi gemaach.

Wand

Mat insgesamt 77 Wandrieder kënnen 2020 iwwer 170.000 Persoune vun der Wandkraaft profitéieren. An der Period tëscht 2008 an 2018 ass d’Energieproduktioun duerch Wandrieder ëm ganzer 418 % geklommen (vun 61 op 255 GWh). Besonnesch am Joer 2016 kann een ee remarkabele Sprong no uewe verzeechnen.

Wand

Fir dëst Joer kann ee schonn een décke Krop hannert déi gesaten Ziler setzen. Et wollt een op mannst 239 Gwh produzéieren, elo wäert een viraussiichtlech op ëm 314 Gwh, wat enger Consommatioun vu ronn 170.000 Persounen entsprécht, kommen.

Elo weist ee sech zouversiichtlech fir d’Zukunft. Déi divers Projeten am Beräich vun der Wandenergie, wéi och d’Fortschrëtter vun de leschte Jore weisen, datt een um richtege Rad dréit. Den Ziler fir 2025 – 382 GWh si virgesinn – an 2030 – 674 GWh – dierft net méi vill am Wee stoen.

Lëtzebuerg an d’Wandenergie

Wärend déi 2001 gegrënnte Société Luxembourgeoise des Energies Renouvelables (Soler S.A.) 7 Wandparke mat 42 Anlagen (Bënzelt, Hengescht, Weiler, Géisdref, Kiemen, Hierber, Givench) bedreift, huet den Nordex Grupp sech ëm d’Anlage vu Wëntger këmmeren dierfen. Et wier een op esou niddreg Wandgeschwindegkeete preparéiert, an – entgéint der Angscht vu munche Bierger – sinn d’Installatioune schalloptimiséiert ginn. Mat maximale Schallemissiounswäerter vun 103 dB kann een souguer de Betrib u besonnesch kritesche Plazen erméiglechen.

Client ass d’Gesellschaft PW34 Sarl, déi 2018 de Projet vum Aarbechtsministère accordéiert krut. Laut dem Premium-Vertrag huet een eng Lafzäit vun 20 Joer ofgeschloss.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Boever, Direkter vun der Societéit PW34 Sarl; Claude Turmes, Energieminister; Marcel Thommes, Buergermeeschter vu Wëntger © MEA

Related topics Claude Boever, Claude Turmes, Energieministère, Marcel Thommes, Nordex, PW34 Sarl, Soler S.A., Wandenergie, Wandkraaft, Wëntger, Wincrange
Next post Previous post