Search

You may also like

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?

[onionbuzz quiz-id=219][/onionbuzz] Mir zéien op en Neit duerch d’Land, fir

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen
International Neiegkeeten

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Virun net ganzer dräi Méint hat et zu Senneng am

Neiegkeete vu Sea-Watch

Neiegkeete vu Sea-Watch

Et goufe schonn erëm op mannst 6 Booter a Séinout gemellt. D’Moonbird-Crew vu Sea-Watch huet se gesinn, leider waren zwee Booter dorënner, déi vun der libyscher Küstewuecht ofgefaange goufen. Dat anert Boot mat ongeféier 70 Mënschen u Bord schéngt nach ëmmer um Mier ze sinn.

Dës Mënsche musse gerett ginn!

Sea-Watch ass erliichtert, datt zwee weider Booter vun der Ocean Viking gerett goufen, allerdéngs këmmert sech d’Crew elo ëm gutt 400 Mënschen. E sécheren Hafe war dat Bescht!

Sea-Watch

Vun de 5 Booter aus der leschter Missioun, si warscheinlech 4 Stéck illegal a Libyen zeréckgefouert ginn (Pushback). Et ass awer unzehuelen, datt wéinstens dat 5. Boot selbststänneg zu Lampedusa ukomm ass. Eng schwanger Fra huet missen, zesumme mat hirem Partner vun der Ocean Viking evakuéiert ginn. Hiren Zoustand ass kritesch a muss intensiv behandelt ginn. Elo kritt si zu Malta déi noutwenneg Behandlung.

Déi europäesch Regierunge setzen am Mëttelmier of Ofschreckung. Kee Flüchtling soll Europa erreechen. Zënter 2019 ass déi staatlech Séinoutrettung agestallt. Dat kascht Mënscheliewen! Mir däerfen deem Stierwen net einfach nokucken…

Bei Sea-Eye deet sech och eppes!

Et gëtt geschrauft, geschweesst a gebaut. SEA-EYE 4 gëtt prett fir den nächsten Asaz gemaach. Den Ëmbau leeft op Héichtouren: nei Raim ginn opgedeelt fir ee Schëffsspidol, eng Kichen a Crew-Kabinnen. D‘Sanitäranlage ginn op de leschte Stand bruecht. D‘Schëffsmaschinnen an déi wichteg Stroumgeneratore ginn op de leschte Stand bruecht. Um Achterdeck ginn zousätzlech Kabinnen opgebaut sou wéi Etagebetter ageriicht. Dat alles ass nëmmen duerch generéis Spende méiglech.

Weider Informatioune fannt Dir hei:

Update:

No (kuerze) Verhandlungen dierf d‘Ocean Viking mat iwwer 400 gerette Flüchtlingen/Migranten d‘Mëttelmierinsel Sizilien ulafen. Déi italienesch Autoritéiten hunn dem Schëff den Hafe vun Augusta (nërdlech vu Syracuse) zougewisen.

Sea-Watch

Wéinst dem schlechte Wieder an der Enkt um Schëff, huet sech d‘Situatioun u Bord deterioréiert. Et heescht zudeem, datt mindestens aacht vun den aus Séinout gerette Mënschen, positiv op Covid19 getest goufen. Bei dëse Mënschen handelt et sech haaptsächlech ëm Flüchtlingen/Migrante vun der Elfebeeküst, dem Mali a Sudan.

Related topics Moonbird, Ocean Viking, Sea-Eye, Sea-Watch, Seebrücke, Séinoutrettung, SOS Méditerranée
Next post Previous post