Search

You may also like

Een Trump fir ee besaten Territoire
Neiegkeeten

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet
Neiegkeeten

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet

Datt de President vun der Gewerkschaft vum Personal vun Arméi

Klengt Duerf ganz grouss: En Tour duerch Randschelt
Neiegkeeten

Klengt Duerf ganz grouss: En Tour duerch Randschelt

Geleeën an enger idyllescher Kaul an der Gemeng Wahl gëllt

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

De Fuersécherheetszenter (Centre de Formation pour Conducteurs) huet elo annoncéiert, datt den Eric Mathias zum neien Direkter vun der Societéit benannt ginn ass. Ab dem 1. Oktober 2019 léist de 50 Järegen den Tom Sabus, deen d’Funktioun vum Direkter säit dem 10. Juni 2017, of.

Den Eric Mathias huet un der Universitéit Kaiserslautern säin Diplom als Ingenieur en Génie Mécanique gemaach a bréng ëmfangräich, zolidd an international Erfarunge mat. Bei senger leschter Plaz bei Delphi huet hien sech ëm d’Entwécklung vum Fuel Handling fir d’Regioun Europa gekëmmert.

Mat Erfolleg huet hien am Grupp Delphie verschidde Poste gemeeschtert, dorënner och d’Direktioun vun der Delphi-Fabrik um Port Elizabeth a Südafrika. Fir de Fuersécherheetszenter steet virun allem säin déiwen Interessi fir Gefierer an déi zukünfteg Entwécklung vun de Sitten zu Kolmer-Bierg a Suessem am Virdergrond.

 

Related topics Centre de Formation pour Conducteurs, Direkter, Eric Mathias, Fuersécherheetszenter, Tom Sabus
Next post Previous post