Search

You may also like

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem
International Neiegkeeten

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz
International Neiegkeeten

USA: Krichspresident erléisst Krichswirtschaftsgesetz

Eigentlech sinn d‘Bosse vun Industrie a Wirtschaft seng „Kumpel“, mee

Déi war et sech Siche gaangen (Kommentéiert)
International Neiegkeeten

Déi war et sech Siche gaangen (Kommentéiert)

Wann eis Dirigenten net esou erbäermlech däämlech géifen optrieden, kéint

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung

Et huet zwee Wahlgäng gebraucht iert festgestanen huet, datt den iresche Finanzminister d‘Nofolleg vum Mario Centeno géif iwwerhuelen. De 45 järege Paschal Donohoe (Fine Gael) ass säit 2017 de Finanzminister vun Irland, war awer virdru scho Verkéiers- an Europaminister. Domadder ass dann och gewosst, datt de Pierre Gramegna (DP) d‘Eurogrupp net presidéiert…

Op de neien Eurogruppechef waarden zolidd Erausfuerderungen, well d‘Aussiichte sinn am Kontext vun der, d‘Covid19-Pandemie begleedender Wirtschaftskris, waarde schwiereg Aufgaben op de Paschal Donohoe. Hien huet d‘Bewältegung vun dëser Kris an de Fokus vu sengem neie Mandat gestallt a wëll sech déi nächst 30 Méint dofir asetzen. Schonn nächste Méindeg soll et lassgoen.

EurogruppechefDatt sech d‘Eurogrupp ausgerechent den iresche Finanzminister erausgesicht hunn, wou dësem seng politesch Zukunft bei der laangwiereger Regierungsbildung an de leschte Méint eppes a Fro gestallt gouf, ass e gewësser Mooss eng Iwwerraschung. Eréischt viru kuerzem haten sech déi biergerlech Parteie Fine Gael a Fianna Fail mat der „Green Party“ op eng Koalitioun verstännegt kritt.

Wéi de Portugis Mario Centeno säi Réckzuch erkläert hat, hat de Paschal Donohoe seng Kandidatur ugemellt, an hie konnt sech séier d‘Ënnerstëtzung vun der chrëschtdemokratescher Fraktioun EPP (Europäesch Vollekspartei) sécheren. Déi spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calvino hat laang als Favoritin gegollt an de Lëtzebuerger Finanzminister hat sech schon no der 1. Ronn zréckgezunn.

EurogruppechefNo der Wal huet de Paschal Donohoe via Twitter matgedeelt, datt hie sech geéiert fillt a versprécht eng Eurogrupp op d‘Been ze stellen, an där all d‘Memberen abezu sinn. Mat méi Transparenz an Zesummenhalt, sollt et méiglech déi richteg Decisiounen erbäizeféieren, déi et de Länner an hire Vollekswirtschaften erméigleche wäert, sech nees ze erhuelen. Wéi dat soll ausgesi sot hien net.

Säi Programm dierft den iresche Finanzminister awer zäitno bekannt ginn, well Zäit dierf elo keng verluer ginn. Am Euroraum wäert – esou zumindest stinn d‘Prognosen – d‘Wirtschaft ëm 8,7% abriechen an op et scho méiglech ass, 2021 d‘Relance hinzekréien, dozou wot den Ament nach keen eng Ausso. Et muss een och drop vertrauen, datt déi beschlosse Mesure eng reell Hëllef sinn.

mat indymedia/bru

Related topics Eurogrupp, Eurozon, Krisebewältegung, Paschal Dononhoe
Next post Previous post