Et geet viru beim Bau vum neien LTPS zu Stroossen

Wärend d’Realisatioun vum neie Lycée fir Gesondheetsberuffer (LTPS) viraussiichtlech 2024 soll ofgeschloss sinn, konnten d’Wunnenge fir Studenten a Jonker sou wéi d’Sportshal mat Schwämm fir de Logopedie-Zentrum zu Stroossen schonn a Betrib geholl ginn.

Esou steet de Jonken säit dem 1. Oktober 2021 Wunnraum zur Verfügung. D’Gebai ënnerdeelt sech hei a 35 Kummeren fir fir d’Schüler an d’Studente vum LTPS. Dobäi komme 14 Zëmmere fir Jonker, ënnerdeelt an 2 Gruppen mat jeeweils enger eegener Kichen an Openthaltsraum. Um Rez-de-chaussée sinn d’Gemeinschaftsberäicher mat Zougang an d’Gréngzon ze fannen.

E gudde Mount méi spéit, um 8. November war dunn och de Startschoss vun der Sportshal mat Schwämm. D’Piscinne miesst 16 x 8 Meter a bilt zesumme mat der Sportshal, dem Sall fir den Air Tramp, engem Gymnastiksall extra fir Psychomotricitéit an dem Therapieraum fir mat Assistenzhënn ze schaffen eng essentiell Infrastruktur fir de Logopedie-Zentrum.

Den neien LTPS zu Stroossen
Andréck vum fäerdege Wunnraum fir Schüler, Studenten a Jonker © Christof Weber

Elo ass et nach de Lycée selwer, dee fäerdeg gebaut muss ginn. Ganzer 1.200 Schüler solle fir d’Rentrée 2024 an den neie Raimlechkeeten ënnerriicht ginn.

Nodeems am Februar mat den Ofrappaarbechten an der Buedemsanéierung ugefaange gouf, konnt am September schliisslech mam Neibau gestart ginn.

Den neien LTPS wäert 45 normal Klassesäll, 6 speziell ageriichte Klassesäll, 10 Raim fir technesch Fleeg ze vermëttelen, e Sall fir praktesch Kommunikatiounscoursen, eng pedagogesch Kichen a 6 Wëssenschaftszëmmeren zur Verfügung stellen. Dobäi kënnt Raum fir d’Verwaltung an d’Enseignanten, en Dokumentatiouns- an Informatiounszentrum, e Festsall, eng Schoulkantinn sou wéi eng Sportshal mat 2 Unitéiten an engem Multifunktiounsraum.

Op 1.785 m² gi Photovoltaikanlagen ageriicht, déi de Lycée mat 350.800 kWh pro Joer versuerge sollen. D’Käschte vum ganze Projet leie bei 109,4 Milliounen Euro (ttc).

Dernières nouvelles