Search

You may also like

Dat aalt geet an dat neit kënnt…
Neiegkeeten

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Silvester, esou déi gängeg Behaaptung, ass op der ganzer Welt

D‘Komplexitéit vu Recht an Uerdnung
Neiegkeeten

D‘Komplexitéit vu Recht an Uerdnung

Sécherheetsfirmae sollen d‘Lächer an der Personaldecke vun der Police stoppen,

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

Neie Stroossebelag fir d’A1 tëscht den Echangeuren Hamm a Sennengerbierg (09.-12.07.2021)

Neie Stroossebelag fir d’A1 tëscht den Echangeuren Hamm a Sennengerbierg (09.-12.07.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt vun e Freideg, den 9. Juli géint 22 Auer bis Méindes, den 12. Juli géint 6 Auer de Stroossebelag vun der A1 tëscht dem Echangeur Hamm an dem Echangeur Sennengerbierg erneiert gëtt.

Aus dësem Grond kënnt et zu folgende Spärungen:

  • D’A1 a Richtung Tréier tëscht tëscht dem Echangeur Hamm an dem Echangeur Sennengerbierg;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Hamm wann ee vum Rondpoint Schaffner kënnt an a Richtung A1 op Tréier fiert;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Kierchbierg wann ee vun der N51 kënnt an a Richtung A1 op Tréier fiert;
  • D’Bretelle vun der Jonctioun Gréngewald wann ee vun der A7 kënnt an a Richtung A1 op Tréier fiert.

Esou verlafen d’Deviatiounen:

  • Den Trafic, dee vun der A1 kënnt an a Richtung Tréier fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Hamm vun der A1, d’N2A, d’N1A, d’N1 an den Echangeur Sennengerbierg mat Retour op d’A1;
  • Déi selwecht Ëmleedung gëllt fir den Trafic, dee vum Rondpoint Schaffner a Richtung A1 op Tréier ënnerwee ass;
  • Den Trafic, dee vun der N51 an der A7 kënnt an a Richtung A1 op Tréier ënnerwee ass, muss iwwert d’A1 fuere bis bei den Echangeur Hamm, wou et iwwert d’N2A, d’N1A an d’N1 bei den Echangeur Sennengerbierg geet.

Chantier op der A1

Op der Beschëlderung vun der Deviatioun ass d’Opschrëft ‘D3’ ze fannen. D’Preparatioune wäerte schonn e puer Stonnen am viraus ufänken, wouduerch et am Nomëtteg zu Stéierungen am Verkéier komme kéint.

Related topics A1, Deviatioun, Echangeur Hamm, Echangeur Sennengerbierg, Neien Tapis, Spärungen, Stroossebelag
Next post Previous post