Search

You may also like

Sozialplang fir 49 Aarbechter vun der Guardian
Neiegkeeten

Sozialplang fir 49 Aarbechter vun der Guardian

No der Fusioun vun den zwee Luxguard-Standuerter – Diddeleng a

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11
Neiegkeeten

Amerika gedenkt: 20 Joer 9/11

Zanter de schrecklechen Terrorattacken an den USA si schonn zwee

geek
WhatsApp an der Kritik
Neiegkeeten

WhatsApp an der Kritik

De Kuerznoriichtendéngscht WhatsApp huet sech derzou entscheet, d‘Aféierung vun den

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)

En neien Tapis fir d’Autobunn A13 (11.-14.09.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht der Jonctioun Esch-Uelzecht an dem Beetebuerger Kräiz a Richtung Autobunn A3 (Metz, Stad Lëtzebuerg) an A13 (Schengen) de Stroossebelag nei gemaach gëtt.

D’Aarbechten dauere vu Freides, den 11. September 2020 géint 21:00 Auer bis Méindes, de 14. September 2020 géint 6:00 Auer. Doduerch kënnt et zu folgende Spärungen:

  • Autobunn A13 tëscht der Jonctioun Esch-Uelzecht an dem Beetebuerger Kräiz a Richtung Autobunn A3 (Metz, Stad Lëtzebuerg) an A13 (Schengen);
  • D’Bretelle vum Accès vun der Echangeure Schëffleng, Keel, Bireng a Féiz wann een a Richtung Beetebuerger Kräiz vun der A13 fiert;
  • D’Bretelle vum Accès vun der Jonctioun Esch-Uelzecht wann ee vun der A4 kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz vun der A13 fiert.

Folgend Ëmleedunge ginn agereecht:

  • Den Trafic, dee vun der A4 (Rondpoint Raemerech) an A13 (Péiteng) kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz fiert, gëtt ëmgeleet iwwert d’A4, d’Zéissenger Kräiz, d’A6, d’Gaasperecher Kräiz an d’A3 bis bei d’Beetebuerger Kräiz;
  • Den Trafic, dee vum CR165 (Keel) kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz vun der A13 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den CR165 (Näerzeng), den CR164 (Hënchereng) an d’N13 (Beetebuerg) bis bei den Echangeur Helleng;
  • Den Trafic, dee vun der N31 (Diddeleng) kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den CR161 (Z.I. Krakelshaff) an d’N13 bis bei den Echangeur Helleng.

D’Preparatiounsaarbechten fänken den 11. September 2020 géint 20:00 Auer un.

A13

Related topics Autobunn A13, Beetebuerger Kräiz, Chantier, Ëmleedungen, Jonctioun Esch, Spärungen, Stroossebauverwaltung, Stroossebelag
Next post Previous post