Neies aus dem Policebulletin

A schonn erëm goufe Führerschäiner agezunn. An der Montée de Clausen ass der Police ee Gefier opgefall, wat e puermol un den Trottoir komm ass an dobäi och bal den Déngschtwon gerammt huet. D’Gefier gouf gestoppt. Den Alkoholtest war positiv, allerdéngs konnt de Chauffeur säi Führerschäin net virweisen. Agezu gouf en awer. Natierlech ass d’Affär protokolléiert ginn.

An der Avenue de la Liberté, ass der Police ee Chauffeur opgefall, deen ze vill op de Gas gedréckt huet. Et war 4 Auer moies. Dës weideren huet dësen net op d’blo Luucht oder d’Sireene reagéiert. An der Dicks Strooss ass en dunn schlussendlech stoe bliwwen. Och hei war den Alkoholtest positiv. Ausserdeem konnt de Chauffeur keng gülteg Versécherung virweisen. Säi Führerschäin gouf agezunn, de Virfall gouf protokolléiert.

No 5 Auer ass et um Glacis weidergaangen. Eng Patrull vun der Police ass op een Gefier opmierksam ginn, wat ze séier gefuer ass. D’Police ass dem Chauffeur hannendru gefuer – an der Areler Strooss huet sech erausgestallt, datt de Chauffeur mat engem aneren « Course » gespillt huet. Béid Gefierer goufen doropshi kontrolléiert. Duerch déi héich Geschwindegkeet, goufen d’Führerschäiner agezunn.

Och zu Esch waren d’Stroossen um 6 Auer onsécher. Um Boulevard J. F. Kennedy ass ee Gefier a Schlaangelinne gefuer. Nodeems dëst gestoppt gouf, huet sech erausgestallt, datt hie vill ze déif an d’Glas gekuckt huet. De Führerschäi gouf agezunn, de Virfall gouf protokolléiert.

Versichten Abroch

Kuerz no 5 Auer ass der Police een Abroch zu Beetebuerg gemellt ginn. Nodeems den Abriecher eng Fënster ageschloen huet, gouf de Besëtzer vum Haus waakreg an huet dësen iwwerrascht. Doropshin ass den Abriecher fortgelaf. De Mann hat warscheinlech eng hell Hautfaarf, war ongeféier 1,80m grouss an hat ee groen Kapuzenpullover un. De Virfall gouf protokolléiert.

Zwee weider Abréch goufen zu Biwer a Keele gemellt. An deenen zwee Fäll gëtt ermëttelt.

An engem Café zu Ettelbréck ass et den Awunner gëschter ze haart ginn. Dofir sollt d’Police am Kader vum Artikel 12 vum Policegesetz, de Café zoumaachen. Clienten, souwéi de Wiert hunn der Police dësen Uerder schwéier gemaach. Si hunn déi Uniforméiert net eragelooss – de Wiert ass esouwäit gaangen, datt hien d’Pabeiere vun der Police zerrappt huet. D’Stëmmung war ugespaant – dowéinst ass d’Police ofgezunn – fir eng Deseskalatioun ze vermeiden. Allerdéngs huet si nach vill Protokoller geschriwwen, ënnert anerem wéinst Belästegung an Beamtebeleidegungen. Dono hunn d’Poliziste misse feststellen, datt ee Pneu vun hirem Déngschtwon zerstach gouf.

Dës weideren huet d’Police nach ongeféier eng Dose mol wéinst Stéierung vun der Nuetsrou intervenéieren. An de meeschte Fäll, konnt de Problem op der Plaz geklärt ginn.

Dernières nouvelles