Neies aus dem Policebulletin

De Samschden ass et géint 14:20 Auer zu engem uergen Accident tëscht engem Moto am engem Pkw komm. Dëst ass op der N11 zu Lauterborn op der Kräizung a Richtung Scheedgen (CR118) passéiert.

De Chauffer vum Moto ass schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht ginnn. D’Streck tëscht dem Méchelshaff a Lauterbuer huet missen wärend Stonne fir de Verkéier gespaart ginn. Géint 20 Auer war se nees befuerbar. De Parquet befaasst sech mat den Ermëttlungen.

An dësem Kader sicht d’Police no Zeien, déi Informatiounen zum Accident hunn. Dës kënne sech bei der Police Iechternach (244-72-1000) oder iwwer Mail (police.echternach@police.etat.lu) mellen.

Géint 20 Auer gouf der Police zu Reckeng ee Gefier gemellt, wat ee Stroosseschëld beschiedegt huet an einfach fortgefuer ass. Well d’Erkennungszeechen op der Plaz opfonnt gouf, huet eng Patrull der betreffender Adress een Besuch ofgestatt. D’Madamm huet zouginn, datt si fir den Accident verantwortlech ass. Well den Alkoholtest positiv war, gouf hier de Führerschäin entzunn.

Am Nomëtten, géint 16 Auer ass eng Fra op der Héicht vun der Kräizung Boulevard Royal a Boulevard Amélie an der Stad vu vermuttlech dräi jugendleche Persounen iwwerfall ginn. Dobäi ass et zu Gewalt komm. D’Affer gouf vun hanne gepaakt an op de Buedem geheit. D’Täter hunn eng Auer an eng Kette geklaut a sinn dono a Richtung Kinnekswiss geflücht. D’Ermëttlunge goufen ageleet.

Och an der Nuecht ass et net roueg hiergaangen. D’Police krut ongeféier 20 Meldungen wéinst Kaméidi an der Nuecht eran. Dësen huet sech haaptsächlech a Caféen zougedroen, d’Onroue konnten awer op der Plaz gekläert ginn.

Zu Diddeleng ass et géint 3 Auer zu enger Kläpperei an engem Café komm. Dorunner waren ongeféier 20 Persoune bedeelegt. Nodeems de Wiert d’Musek ausgemaach – an d’Luucht ugemaach huet, koum et zu Ausernanersetzungen. Dobäi goufen e puer Persounen liicht blesséiert. Eng medezinesch Kontroll am Spidol hunn se ofgeleent. Och kee vun den uwiesende Persoune wollt Plainte féieren. Et ware puer Patrullen néideg, fir dës Onrou ze klären.

Och an der Stad gouf der Police géint 3:30 Auer eng Kläpperei an engem Café gemellt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz selwer, ass der Police eng Persoun opgefall, déi hier Aarbecht gestéiert huet. Dës ass an den Arrest gesat ginn. D’Affer wollt keng Donnéeën zu der Kläpperei uginn. Och hei waren e puer Patrullen am Asaz.

Dernières nouvelles