Neies aus dem Policebulletin

Tëscht dem Freidegowend an dem Samschdegmueren gouf an der Capellen Strooss zu Ulm an een Eefamilljenhaus ausgebrach, andeems den (oder d’Täter) vermuttlech d’Terrassendier opgebrach hunn.

Führerschäiner goufen ofgeholl

Géint 18 Auer gouf gëschter an der Notre Dame Strooss ee Gefier gestoppt, wat vill ze séier ënnerwee war. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffeur een iwwert den Duuscht gedronk huet. Säin Führerschäin gouf agezunn. D’Affär ass protokolléiert ginn.

Géint hallwer 7 moies ass eng Policepatrull op der A4 op ee Gefier opmierksam ginn, wat a Schlaangelinne gefuer ass. Doropshin gouf d’Gefier gestoppt an de Chauffeur kontrolléiert. Alkohol- an Drogentest ware positiv. De Führerschäin gouf agezunn. Dës weideren gouf Protokoll erstallt.

Dernières nouvelles