Neies aus dem Policebulletin: Accidenter an Abréch

Den 18. Dezember 2021 koum et an der Nuecht um 3:20 Auer an der Joseph Kieffer Strooss zu Esch zu engem Verkéiersaccident tëscht engem Auto an engem Rettungswon.

Éischten Erkenntnesser no, gouf de Chauffer vum Gefier an een Rettungssanitäter blesséiert. D’Strooss, d’Pénétrante de Lankelz esou wéi de Kreesverkéier Rammerech hunn zum Deel misse gespaart ginn, well iwwerall Autosstécker verstreet waren. Wéi et zum Accident koum, gëtt nach ënnersicht. D’Gefierer goufe konfiskéiert.

Kuerz no Mëtternuecht ass zu Esch e Gefier mat ze séierer Geschwindegkeet laanscht de Policekommissariat um Boulevard J-F Kennedy laanschtgefuer. De Fuerer konnt gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an d’Steiervignette vum Gefier war méi ewéi 2 Méint ofgelaf.

De 17. Dezember um 17:17 Auer ass et op der A13 Féitz, Keel zu engem Accident komm, an dee 4 Gefierer involvéiert waren. Duerch ee Stau hunn 3 Gefierer misse bremsen, de Chauffer aus dem 4. Gefier huet dat ze spéit matkritt. Dono ass festgestallt ginn, datt hien ënnert Alkoholafloss stoung. 3 Persoune sinn zur Kontroll an d’Spidol bruecht ginn.

Dës weideren ass gemellt ginn, datt zu Mutfert, um Sennengerbierg, zu Rodange, Suessem, Conter an Hesper agebrach ginn ass.

*matgedeelt vun der Police Lëtzebuerg

Dernières nouvelles