Search

You may also like

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen
International Neiegkeeten

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

Laut de leschten offizielle Sondagen, ass de Virsprong deen d‘Tories

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen
International Neiegkeeten

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn
International Neiegkeeten

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn

De fréiere Chef vun der Wirtschaftsallianz „Renault-Nissan-Mitsubishi“ Carlos Ghosn, setz

Neies vu Sea-Watch

Déi eenzeg gutt Nouvelle: déi libesch Küstewuecht a Frontex hunn net viru lafende Kameraen op Mënschen a Séinout geschoss

Neies vu Sea-Watch

An der Nuecht vum Donneschdeg op de Freideg konnt d’Rettungsschëff Sea-Watch sech iwwert ee gelongene Asaz an der maltesescher Sich- a Rettungszon freeën. 33 Persoune konnte gebuerge ginn, déi meescht vun hinne goufen aus dem Waasser gezunn.

Déi sougenannt libesch Küstewuecht war nämlech dobäi en illegale Pushback auszeféieren. E konnt glécklecherweis verhënnert ginn – wann och just deelweis. D’Küstewuecht huet sech mat Mënschen u Bord aus dem Stëbs gemaach. Ënnert de gerette Persoune sinn 3 kleng Kanner a Mannerjäreger.

Sea-Watch

Freidegmoies konnt d’Crew vun der Séinoutrettungsorganisatioun nach eemol iwwert 60 Persoune retten. Si goufe vun engem iwwerfëllten Holzboot evakuéiert. Wéi sou dacks, hunn vill vun hinne Verbrennungen duerch de Bensin erlidden, si gi beschtméiglechst u Bord vun der Sea-Watch 3 versuergt.

Och elo, ee Joer nodeems d’Pandemie d’Welt erwëscht huet, hält d’Crew vun der Sea-Watch sech streng un d’Covid19-Reegelen. Direkt no enger Rettung gi Schutzmaske verdeelt, déi jiddweree wärend sengem Openthalt um Rettungsschëff droe muss. D’Féiwer gëtt gemooss, fir ee méigleche Covid19-Fall ze erkennen, uschléissend gi weider (Quarantaine)Moossnamen ergraff

Sea-Watch© Sea-Watch e.V.

D’Mënsche flüchten nämlech och wärend enger Pandemie iwwert d’Mëttelmier – also mussen se weiderhi gerett ginn. A mam Anhale vun de sanitäre Moossname gëtt d’Sécherheet vu de Mënschen u Bord garantéiert.

Mëttlerweil goufe 6 Patienten an hir Famillje vum Rettungsschëff Sea-Watch 3 evakuéiert, dorënner sinn déi 3 Kanner an ee Mannerjäregen ouni Begleedung. De Kapitän vum Rettungsschëff hat Malta an Italien ëm Hëllef gefrot, mee wéi sou dacks hunn d’Autoritéiten net reagéiert. Schliisslech krut d’Sea-Watch 3 vun der Koordinéierungsstell fir d’Séinoutrettung a Roum matgedeelt, datt si ee Schëff fir d’Evakuéierung geschéckt hunn. Elo bleift ze hoffen, datt d’Mënsche beschtméiglechst versuergt ginn a sech gutt vun de Strapazen erhuelen.

Sea-Watch

Bei der Rettung selwer war och Frontex op der Plaz – an dat schonn e puer Stonne laang, ouni Hëllef ze leeschten. Dës hunn déi sougenannte libesch Küstewuecht informéiert. Wéi d‘Sea-Watch 3 ukomm ass, ware scho Flüchtlingen u Bord vum libesche Schëff. Si goufen illegal zeréck an d’Krichsland gefouert, wou si op en Neits schwéiere Mënscherechtsverletzungen ausgeliwwert ginn.

Malta a Frontex waren eigentlech dofir zoustänneg, dës Mënschen ze retten an hinnen eng sécher Plaz unzebidden. Leider gouf den aneren a falsche Wee gewielt. Wéini ännert Europa sech? Wat leeft schif?

Sea-Watch

Foto: © Sea-Watch e.V.

Related topics EU-Asylpolitik, Frontex, Küstewuecht, Mëttelmier, Sea Eye, Sea-Watch, United4Rescue
Next post Previous post