Search

You may also like

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran
International Neiegkeeten

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran

En hat et annoncéiert an huet et och gemaach: Den

D‘Salariatskummer iwwert zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg veriergert
International Neiegkeeten

D‘Salariatskummer iwwert zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg veriergert

Nujee, veriergert trëfft et net ganz, zumindest wann een dem

Covid-19: Fënnef Schutzmaske pro Kapp
International Neiegkeeten

Covid-19: Fënnef Schutzmaske pro Kapp

Um 15. Abrëll 2020 huet d’Lëtzebuerger Regierung nei Moossnamen am

Mëttelmier: Wann dat déi nei Taktik vun Europa ass, sollt ee sech schummen

Mëttelmier: Wann dat déi nei Taktik vun Europa ass, sollt ee sech schummen

A knapp 72 Stonnen huet d’Crew vun der Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Watch 6 Rettungen duerchgefouert. Déi 456 Gerett hu well e sécheren Hafen zougewise kritt. Mä net alles war gutt, et goufen och 3 sougenannt Pull-Backs, woubäi d’Schlauchbooter mat de geflüchte Mënsche vun der libescher Küstewuecht, an dat ouni Aussiicht op Rettung, zeréck gelotst ginn.

Mat Hëllef vu Frontex an hire Fligere gëtt dës kriminell Küstewuecht dohinner geleet, wou et néideg ass, ouni Récksiicht op Verloschter, d’Rettungsschëffer an der Géigend ginn net kontaktéiert.

Den 22. Januar 2021 war esou een Dag: D’Initiativ Watch The Med ass vun 81 Mënschen a Séinout kontaktéiert ginn. Sea-Watch konnt beobachte wéi de Frontex-Fliger Osprey 3 iwwert dem Boot gekreest, an dono a Richtung Tripolis geflunn ass, fir direkt erëm d’Kéier ze maachen.

Duerch d’Daten kann een dovunner ausgoen, datt Frontex déi libesch Küstewuecht kontaktéiert huet, fir si zu dëse Mënschen a Séinout ze féieren. Ewéi den Opklärungsfliger Moonbird vu Sea-Watch op der Plaz war, konnten si nëmmen nach beobachten, datt e Patrouillenboot vun der Küstewuecht déi Geflüchten ofgefaangen huet an si zeréck a Libyen bruecht huet.

Mëttelmier
Sea-Watch / Facebook

Hier Zukunft ass ongewëss …

Ganz schlëmm dorunner ass, datt d’Rettungsschëff Ocean Viking an der Géigend war an net vu Frontex kontaktéiert gouf, fir déi geflüchten Persounen ze retten. Dat ass net nëmmen illegal, mee och e schroe Verstouss géint Mënscherechter.

Wann dat déi nei Taktik vun Europa ass, sollen déi Responsabel sech schummen. Wéi kann et sinn, datt Frontex mat der libescher Küstewuecht zesummeschafft a Mënschen an Nout am Stach léisst aplaz hinnen ze hëllefen? Dës verdeckten Zesummenaarbecht, déi scho gutt 4 Joer besteet, ass scho méi wéi ee Mol opgefall. Mee näischt ännert sech. Domat mécht Europa sech zu Komplizen – si kucke just, verschiddener wäerten dës Aktioune souguer begréissen.

E kloert (a richtegt) Zeeche vun Europa wär Frontex ofzeschafen. Des weidere soll sech endlech no engem uerdentleche Séinoutrettungsprogramm gekëmmert ginn. Eng sécher Arees kéint zuelräich Liewe retten, kee Verzweiwelte misst dee geféierleche Mëttelmierwee wielen.

Opmaacherbild: Sea-Watch / Facebook

Related topics Flüchtlingen, Frontex, libesch Küstewuecht, Mëttelmier, Osprey 3, Sea-Watch, Séinoutrettung, Wacth The Med
Next post Previous post