Search

You may also like

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll
Neiegkeeten

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll

Tëscht dem 29. Mäerz an dem 2. Abrëll ginn d’Schüler

money
De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren
Neiegkeeten

De Versuch vun der Handelskummer d‘Panik ze kanaliséieren

Bei der Presentatioun vum „konjunkturelle“ Bilan vun der Handelskummer, war

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?

Säit der Grënnung vum militäresche Bündnis vun der NATO sinn

Neies vun der Aarbechtsfront: De Chômagetaux fält op 5,5%

Neies vun der Aarbechtsfront: De Chômagetaux fält op 5,5%

Entspriechend den neien Zuelen, déi d‘Aarbechtsamt um Méindeg publizéiert huet, louch d‘Zuel vun de Mënschen déi eng Schaff sichen, zum 31. August bei 16.123 Eenheeten. Dat sinn der 684 méi wéi nach am Juli, mee 2.402 Manner wéi nach am August 2020.

Den Aarbechtsmaart war och am August nach vun der sanitärer Kris impaktéiert, firwat dann awer déi virgeluechten Zuelen éischter ermonterend sinn. Woubäi et och eng Récksäit vun dëser Medail huet: et huet einfach ze vill Laangzäitchômeuren. 52% vun den Demandeure sinn zanter méi wéi zwielef Méint op der Adem ageschriwwen, dat ass en neien Héchstwäert.

En neien Héchstwäert huet och bei den oppene Plazen: 9.914 Stelle wieren ze verginn (+48% an engem Joer). An tatsächlech jéimere vill Patronen an Entreprisen, datt si keng Leit géife fannen. Oft gëtt als Grond ee mangelhaft Qualifikatioun genannt, firwat dann och nees méi Formatioune gefuerdert ginn. Dat ee sech eventuell muss Gedanken ëm d‘Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg maachen (Loun, Mobilitéit, Logement, etc.) bleift leider aus…

Illustratioun: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ADEM, Attraktivitéit, Chômage, Chômagetaux, Laangzäitchômeuren
Next post Previous post