Search

You may also like

Schëffleng goes Télévie – Kaffiskränzche géint de Kriibs
Neiegkeeten

Schëffleng goes Télévie – Kaffiskränzche géint de Kriibs

D’Schëfflenger Gemeng engagéiert sech och dëst Joer nees fir den

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck
Neiegkeeten

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck

Relativ waarm, mat gutt vill Sonn awer liicht ze dréchen:

Schwéiert Zuchaccident zu Taiwan
Neiegkeeten

Schwéiert Zuchaccident zu Taiwan

No engem, schwéieren Accident op der Insel Taiwan, wou en

Neies vun der Covid19-Front

Nëmmen nach 10, statt 14 Deeg Quarantaine… esou huet d‘Regierung et entscheet

Neies vun der Covid19-Front

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat schonn Duerchblécke gelooss, datt sech Lëtzebuerg aner Länner kéint uschléissen, an d‘Dauer vun der Quarantaine vun de Covid19-Positive géif ugläichen. Um Dënschdeg war dës Optioun an der Gesondheetskommissioun berode ginn an dunn huet gëschter de Regierungsrot an dëser Saach eng Entscheedung getraff.

Zanter der Erklärung vum Etat de Kris, hat sech d‘Gesondheetsdirektioun drop verstännegt, datt d‘Quarantaine eng dauer vu 14 Deeg bedroe géif, an dësen Zäitraum zweemol kéint verlängert ginn, wann de Patient och no Oflaf vun der Quarantaine nach positiv getest gëtt. D‘Isoléiere vun de positiv geteste Persounen, soll elo da vu 14 op 10 Deeg reduzéiert ginn.

Eng Widderhuelung vun der Isolatioun ass am neie Kontext net méi virgesinn. Bei dëser Decisioun gouf sech op d‘Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) baséiert. Bei eise franséischen Noperen, huet de Premierminister Jean Castex sech fir eng Quarantaine vu 7 Deeg entscheet. Hien huet sech op den Avis vum wëssenschaftleche Rot verlooss.

Scho muer Freideg wëll d‘Chamber seng Aarbechten zum amendéierte Covid19-Gesetz ofschléisse mat deem d‘Reegele bis zum 31. Dezember solle festgeluecht ginn. Den Avis vum Staatsrot, esou wéi och de Bericht vum Rapporter Mars di Bartolomeo, sinn scho vun der Kommissioun ugeholl ginn. Domadder kommen zwou Ännerungen an de revidéierten Text.

Weider heescht et, datt ee sech eens ginn ass, fir d‘Dispositiounen zur Quarantaine betreffend Leit déi mat Infizéierte Kontakt haten (e verlängerte Kontakt iwwer 15 Minutten) nach emol op de Leescht ze huelen. Bis elo gëllt eng Quarantaine vu 7 Deeg ab dem leschte Kontakt mat der infizéierter Persoun. Déi kéint ënnert Ëmstänn ganz ewech falen.

Op der Grondlag vun de leschten Erkenntnisser, kann dës Quarantaine opgehuewe ginn, wann en test no fënnef Deeg negativ ausfält. Zudeem gëtt elo virgezunn, déi Persoune wou „Kontakt“ haten, no sechs Deeg systematesch ze testen. Ass dësen Negativ entfält d‘Quarantaine. Den nächsten Dënschdeg soll den Text an enger aussergewéinlecher Plenière zum Vott stoen.

Illustratioun: © CDC / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo, Paulette Lenert, Regierungsrot
Next post Previous post