Search

You may also like

Brasilianesch Regierung nei opgestallt
Neiegkeeten

Brasilianesch Regierung nei opgestallt

D‘Minister dréinen dem faschistesche President de Réck zou an ginn

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

Erënnerung un de Streik vun 1942
Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Nodeems dem NAZI-Gauleiter Gustav Simon den 30. August 1942 d‘Zwangsrekrutéierung

Neies vun der sanitärer Front

Zu de Mesure fir Reesender aus Groussbritannien a wat et mam „Covid-Check“ op sech huet

Neies vun der sanitärer Front

Den Ausseministère huet e Freideg eppes zu de Mesure betreffend Voyageure vun de britteschen Inselen erkläert. Well et a Groussbritannien eng Rei Variante vum Virus SARS-CoV2 huet, déi wesentlech méi ugrëffslëschteg sinn – hei notamment de Variant Delta (B.1.617.2) deen en Impakt

op d‘Immunitéit kéint hunn an en erhéichte Kontaminatiounsrisk mat sech bréngt – hunn sech den Ausseministère an de Gesondheetsministère op Mesure verstännegt.

Ab haut 7. Juni an nach bis den 30. Juni, muss all Persoun déi de Lëtzebuerger Territoire betrëtt, a sech bannent de virechte 14 Deeg am brittesche Kinnekräich opgehalen huet, sech zäitno teste loossen (Methoden: PCR, TMA oder LAMP). Déi betraffe Persoun muss dem Laboratoire dann och ugi wou si sech genee a Groussbritannien opgehalen huet. Dat gëllt fir all Mënsch onofhängeg dovunner wéi laang hie sech op der Insel opgehalen, an egal iwwert wéi ee Wee en areest.

Wien sech d‘Urees mam Fliger gënnt, gehéiert zu de glécklechen. Den Test kann hien direkt no der Landung maachen, an den Test bei LuxAirport kritt de Voyageur vum Steierzueler offréiert. An da geet et fir 7 Deeg an eng strikt Quarantaine, mat der Obligatioun sech engem zweeten Test ze ënnerzéien (dat geet ab dem 6. Dag vun der Quarantaine). Elo muss de Voyageur sech kengem Test ënnerzéie wann hien net wëll, dann allerdéngs dauert déi strikt Quarantaine 14 Deeg.

Fir datt d‘Informatioun och bei den zoustännegen Autoritéiten ukënnt muss sech all Concernéierten zwéngend per Email un contact-covid@ms.etat.lu oder iwwert den Telefon 2476 5533 bei der Sanitärinspektioun mellen, déi sech ëm de renforcéierten Tracing këmmeren. Weiderféierend Info zu dëse Restriktiounen an den Ausname gëtt et ënner: http://covid19.public.lu/fr/voyageurs/visiter-luxembourg.html

Attestatioun, Zertifikat, Pass, Check…

Ob se sech an der Regierung, zu Bréissel a wou och soss nach ëmmer, elo iergendwann op eng fir all Land a Mënsch gülteg Definitioun vun dësem dach eppes sonnerleche Gesondheetspass kënne verstännegt kréien, dierft ugesiichts dem Fait, datt all Politiker sech jo als „Held vun der Pandemie“ wëll feiere loossen auszeschléissen. Lëtzebuerg jiddefalls huet, bis dann eppes anescht besser kléngt emol decidéiert dat Ganzt „Covid-Check“ ze nennen.

Woubäi de Leit dierft et häerzlech egal sinn wéi dësen dubiéisen Zertifikat genannt gëtt, esoulaang dëse wéi versprach de Schlëssel zur Gastronomie an Nuetsliewen ass. Dësen Zertifikat mat de ville Bezeechnungen, hält fest: 1) op een d‘Covid19-Infektioun iwwerlieft huet; 2) op ee Geimpft ass a woumadder; 3) ob ee Negativ getest ginn ass. Säin Asaz ass fir den 13. Juni terminéiert a soll dem Land nees eppes gefillten Normalitéit zeréckginn.

Dëse „Covid-Check“, ass streng geholl just ee QR-Code, deen engem entweder mat der Impfung, dem zertifiéierten Test, oder dem Nowäis geheelt ze sinn an de Grapp gedréckt gëtt. Dëst Dokument muss een dann am digitalen oder analoge Format ëmmer bei sech hunn. Et soll dozou och eng App ginn, déi fir all modernen Telefon, egal mat wéi engem Betribssystem ausstafféiert, gëeegent ass. D‘Applikatioun ass natierlech 100% zouverlässeg.

Wie renitent ass, sech näischt wëll sprëtze loosse – aus Angscht oder Iwwerzeegung – an och keng Loscht méi huet sech an der Nues wullen ze loossen, fir dee gëtt d‘Liewen ab dem 13. Juni schonn eppes méi komplizéiert. Woubäi um Schaffe gëtt kee gehënnert a sech mam ëffentlechen Transport deplacéieren ass och (nach) méiglech. Fir de Recht gëtt et bewosst eppes méi komplizéiert, well ee jo awer eigentlech d‘Impfung erzwénge wëll…

Wat d‘Kanner bis 15 Joer betrëfft, esou sollen déi och deemnächst geimpft ginn, mengt jiddefalls de geriatreschen Déngscht vun der EU-Kommissioun. De Pfizer/Biontech Impfstoff wier exzellent bei Kanner bis 15 Joer. D‘Lëtzebuerger Regierung huet an dësem Kontext beim CSMI nogefrot wat si dovunner halen, an et kënnt dobäi eraus datt et nach ze fréi ass, fir eng offiziell Positioun dozou elo schonn anzehuelen. Si wëssen et also wierklech net.

Illustratioun: © Edrece Stansberry / unsplash

Related topics Covid-Check, Covid19-Zertifikat, Groussbritannien, Impfpass, Jonker, Kanner, Voyageuren
Next post Previous post