Search

You may also like

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten
Neiegkeeten

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten

Den 2. an 3. Oktober hate Vertrieder vun der ONG

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
Neiegkeeten

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare
Neiegkeeten

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare

Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un

Déi éischt Sëtzung vum Stater Gemengerot war nawell zolidd „gelueden“ dofir awer informativ

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un

2020 dierft a villen Hisiichten en mouvementéiert Joer fir d‘Haaptstad ginn, wat wéi ee weess vill un de Chantiere geleeën ass. An déi ginn dëst Joer net manner, et dierften der nach e puer derbäi kommen. Mee elo emol eent nom aneren…

Erëffent gouf dës Gemengerotssëtzung mat der Assermentatioun vum Gabriel Boisante, e Stater Geschäftsmann, deen de Marc Angel (LSAP) ofléist. De beléifte Politiker huet senge Lëtzebuerger Mandater géint e Sëtz am Europaparlament getosch. No der Vereedegung gouf zum Gedenken un d‘Affer vum Holocaust eng Minutt Silenz agehalen. Uschléissend ass et dann ëm déi grouss Dossiere gaangen, an hei gouf och direkt en Devis vun 28,65 Millioune fir de Knuedler gestëmmt.

Datt d‘Gemeng de Knuedler reamenagéiert ass längst beschloss. D‘Aarbechten un der Extensioun an déi integral Renovéierung vum Parking Knuedler sinn um Lafen. A wann een ënnerierdesch schonn alles nei mécht, da notzt een d‘Geleeënheet, fir och „uewen“ déi urban Raimlechkeeten nei ze gestalten. Den urbanistesche Projet gouf vum Architektebüro „Arlette Schneiders Architectes“ ausgeschafft, an déi 1. Phas vun den Aarbechte sollt schonn am September an Ugrëff geholl ginn.

Et wäert och weider „gerockt“ ginn

Interessant bei dësem Projet: de beige Granit deen engem schon an verschiddene Gaasse vun der Uewerstad dierft opgefall sinn, soll déi gro Paweesteng ersetzen. Laut de Pläng, ass virgesinn op diverse Plazen d‘Dallen esou unzeleeën, datt d‘Leit vun hinnen zu de verschiddenen Zougäng zum Knuedler geleet ginn. Stärefërmeg ugeluecht, leeden si all zum engem Schnëttpunkt, der Statue vu Wëllem II. Et wäerte méi Beem um Knuedler stoen an och déi „urban Miwwel“ ginn iwwerduecht.

Fir déi gastronomesch Betriber geet de Raum fir eng Terrass ze installéieren erweidert, an déi flott Spillplaz – déi hat misse weechen – gëtt nei opgeriicht an dat virum Biergerzenter. Den Accès fir d‘Pompjeeën an d’Livraisoune gëtt iwwert d‘Gruefstrooss organiséiert. Zousätzlech gi „Borne“ laanscht d‘Gruefstross an d‘Kinniginnestrooss placéiert. Am Kader vun der Neigestaltung ginn och déi ganz Infrastrukturen erneiert, déi fir déi vill Manifestatiounen um Knuedler gebraucht ginn.

Si hunn sech dat gutt iwwerluecht

Um Knuedler ass net nëmmen d‘Gemeng doheem, och de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet hei säi Sëtz. De Lift fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit gëtt nei gemaach an esou och d‘Trappen, déi mat selwechte beige Granit erneiert ginn. Granit ass bekanntlech net gläich Granit an d‘Conseillère Linda Gaasch (déi gréng), wéi och de Conseiller Tom Krieps (LSAP) bestinn drop, datt een dovunner ofgesäit, Granit aus China ze benotzen, dee vun Zwangsaarbechter ofgebaut gëtt.

Knuedler

Virun der Sëtzung vum Gemengerot, ass de Gabriel Boisante (LSAP) vereedegt ginn. Hien ersetzt de Marc Angel, déi an d‘Europaparlament gewiesselt huet. © Charles Soubry / Fotothéik VDL

Hir Fuerderung gëtt vun déi lénk ënnerstëtzt, woubäi si nach e Schratt méi wäit gaange sinn, a fir den Devis vum Granit (ronn 8 Milliounen Euro) e separate Vott verlaangt hunn. Awänn mat deenen d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer schéngt gerechent ze hunn, firwat si den Interesséierten direkt erkläert huet, datt déi „gewielte Steng“ musse „Fair Stone“ zertifiéiert sinn. (Dat ass ee Label vun der Entreprise WiN=WiN, fir Steebréch an Betriber déi eng Rei sozial Kritäre respektéieren).

D‘Lydie Polfer huet nach emol drop higewisen, datt vill Efforte gemaach goufe fir dës zentral Plaz ze erhalen an d‘Gruefstrooss während den Aarbechten net wäert gespaart ginn. Et bréicht ee jo awer Zou- an Ausgäng fir de Stadzentrum. Déi gréng an d‘LSAP hunn dann nach gemengt, datt wann ee schon derbäi wier, kéint ee de Wëllem II mat sengem Päerd jo ëm 180° dréinen. Da géif de fréiere Monarch sech de Leit statt dem Palais zouwennen. Dës Iddi gouf dann awer nees verworf…

Eng Hex? En Haus? En Hexenhaus…

Up der 18 Gibraltar-Strooss um Lampertsbierg, steet ee zanter Jore verloossenen Häip, déi vun den Awunner – besonnesch de Jonken – als „Hexenhaus“ bezeechent gëtt. Dëst Haus gëtt elo an ee Scouts-Home (Eenheet Robert Schumann) ëmgebaut. Den Devis dofir beleeft sech op 1,2 Milliounen Euro. Um Site steet en Haapthaus mat enger Annex. Geplangt sinn: um Rez-de-chaussée e Sall fir Reuniounen an eng Kichen; um éischte Stack zwee modulär Säll an e Büro; um Späicher nach eng Raimlechkeet fir Reuniounen, e klengen Atelier an e Raum fir d‘Archiven.

Den Dach gëtt ersat a kritt weider Ëffnungen. Dräi Fassade vum Haus sollen erhale bleiwen, eng säitlech soll ofgedroe ginn an duerch eng nei, mat gréisseren Ouverturen ersat ginn. Hei kënnt dann och den Accès zur grousser Terrass hin, deen och en Zougang zum Gaart bitt. An der Annex ginn d‘sanitär Anlagen, den technesche Lokal an d‘Heizung ënnerbruecht ginn. Eng Extensioun ass hei och virgesinn. Déi soll als Lager genotzt ginn, kritt awer och nach ee grousse Sall fir Reuniounen.

Foto: De Knuedler, aus der Siicht vum Architektebüro „Arlette Schneiders Architectes“. © Arlette Schneiders Architectes

Related topics Chantieren, Hexenhaus, Knuedler, Lampertsbierg, Scouts-Home, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post