Search

You may also like

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…
International Neiegkeeten

CatCalling: Frae sollten nuets net eleng op der Strooss lungeren…

Am Zäitalter vun de Fraerechter, der Emanzipatioun an dem Recht

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden
International Neiegkeeten

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden

Zu Linz (Éisträich) fënnt vum 9. bis den 13. September

Den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister besiche Cosmolux zu Iechternach
International Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister besiche Cosmolux zu Iechternach

Gëschter hu S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume an de Wirtschaftsminister Franz

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot

Irland an Norwegen kréien ee Sëtz zougeschwat, Kanada geet nees eidel aus a wien d‘Mandat vun Afrika iwwerhëlt ass nach net gewosst

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot

Bei de Wahlen an der UN-Vollversammlung sinn d‘Wierfel gefall, a wéi dat esou ass, war et keng einfach Affär. D‘Spannung bei dëser Wahl war grouss, besonnesch am Kontext vun der Vergab vun de Mandater fir „westlech“ Staaten, wou Kanada jo en Usproch gestallt huet. Si hate scho bei der leschter Wahl kee Gléck, an et sollt hinnen och dës Kéier net geléngen e Mandat ze ergräifen.

Net manner Interessant huet sech d‘Wiel vum afrikanesche Vetrieder fir den UN-Sécherheetsrot presentéiert. Hei stoungen sech Djibouti a Kenia géinteniwwer. Keent vun dëse Länner huet beim Vott an der Vollversammlung déi erfuerderlech zweedrëttel Majoritéit erreecht. De President vun der UN-Vollversammlung, Tijjjani Muhammas-Bande, wëll haut nach emol ofstëmme loossen.

SécherheetsrotDen UN-Sécherheetsrot ass eng Institutioun mat vill „Muecht“ (also eigentlech, wat awer duerch d‘Vetorecht vun de permanente Memberen an der Lescht esou net méi wierklech de Fall ass) well hei kënnen ee Krich „erlaabt“ oder Sanktioune verhaange ginn. Fënnef Länner gehéieren zum Krees vun de „permanente Representanten“: China, Frankräich, Groussbritannien, Russland an d‘USA.

Zéng Länner ginn dann nach vun der Vollversammlung als „net-stänneg“ Membere vun dësem Rot gewielt. Dëst Mandat huet eng Validitéit vun zwee Joer. All Joer gi fënnef Mandater no engem regionale Schlëssel verginn. Gefuerdert si mindestens 128 Stonnen. Irland huet déi erhalen an Norwegen krut esouguer 130 Stëmmen. Indien a Mexiko hate keng Konkurrenten a si mat derbäi.

SécherheetsrotOch de Modus fir d‘Wahle war nei. Nieft der Besetzung vum Sécherheetsrot sinn och 18 Membere fir de Wirtschafts- a Sozialrot gewielt ginn. Fir dem Covid19 keng Chance ze ginn sech un dëse Wahlen ze bedeelegen, sinn se net nëmmen zesummegeluecht ginn, mee de Vott huet ënner drolege Konditioune stattfonnt. Eng Vollversammlung vun den Ambassadeure war jo leider net méiglech.

Déi hunn sech no engem ausgeklügelte Plang zu enger bestëmmter Zäit misse presentéieren. Do hu si dann hir Wahlkaart virgeluecht, déi dräi Stëmmziedel an de Grapp gedréckt kritt, déi se dann ausgefëllt hunn an. Déi sinn uschléissend an der zimmlech eideler Hal an d‘Urne geworf ginn. Och en neie President fir d‘Vollversammlung ass gewielt ginn. Dëst Joer ass d‘Wahl op den Tierk Volkan Bozkir gefall. D‘Sëtzungsperiod fänkt am September un…

mat indymedia/nyc

Illustratioun: UN-Sécherheetsrot © United Nations (File photo)

Related topics UN-Sécherheetsrot, UN-Sozialrot, UN-Vollversammlung, UN-Wirtschaftsrot, Wahlen
Next post Previous post