Search

You may also like

dislike
Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet
Kultur Neiegkeeten

Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet

E jonke Mann vun 21 Joer muss fir 12 Joer

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert
Kultur Neiegkeeten

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass

surprise
Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS
Kultur Neiegkeeten

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

D‘Gewerkschaft Banken an Assurancen (SBA) déi dem OGBL ugegliddert ass,

Musikalesch an dat neit Joer: De Leopold Hager gëtt zum Éierendirigent ernannt

Den Neijoerschconcert vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg (OPL) um 8. Januar huet fir duebel Begeeschterung gesuergt. Zum engen gouf dat neit Joer musikalesch mat Publikum agelaut. Fir déi immens Verbonnenheet ze wierdegen an dem Dirigent vum Owend, dem Leopold Hager, fir säin Engagement Merci ze soen, gouf hien zum Éierendirigent vum Orchester ernannt.

An dësem Kader huet d’Kulturministesch Sam Tanson dem Leopold Hager zum Ufank vum Concert en Diplom iwwerreecht. Duerch seng räichhalteg Erfarung an den Asaz zu Lëtzebuerg wollt een dësem Här, dee mat Leif a Séil fir d’Musek lieft, eng besonnesch Unerkennung weisen.

Am Oktober 2020 huet de Leopold Hager säi 85. Gebuertsdag gefeiert. Hie kënnt aus dem éisträicheschen Salzburg an huet a senger Heemecht um Mozarteum Dirigéieren, Uergel, Piano, Cembalo a Kompositioun studéiert. Uschléissend war hien zu Mainz, Linz a Köln aktiv, ier hien d’Tâche vum Generalmusekdirekter zu Freiburg/Breisgau ugeholl huet. Vun do aus huet et de Leopold Hager zeréck an Éisträich gezunn, wou hie Chefdirigent vum Mozarteum Orchester Salzburg.

Zu Lëtzebuerg huet hie vun 1981 bis 1996 den deemolegen RTL-Symphonieorchester als Chefdirigent geleet. Och no dëse Joren huet hie weiderhin kënschtleresch an nohalteg matgewierkt, a schliisslech den Orchester op seng Zäit als OPL virbereet.

Leopold Hager© Alfonso Salgueiro

Op der ganzer Welt gëtt de Leopold Hager fir säin Talent gefeiert. Kee Wonner also, datt hien esou gefrot ass an doduerch mat de gréissten Opernhaiser zesummeschaffen duerft. E besonneschen Numm konnt hie sech als Pionéier vun der Mozart-Interpretatioun. Duerch seng konzertant Opféierunge sinn och Bühnestécker presentéiert ginn, déi bis dato kaum wouergeholl goufen. Heizou gehéieren ënnert anerem Lucio Silla, La Betulia liberata oder och Apollo et Hyacinthus.

Mir gratuléieren dem Leopold Hager fir säin Éierentitel an den erfollegräichen Neijoerschconcert.

Uewern fannt Dir eng Billergalerie zum Neijoerschconcert vum OPL – Fotoen © Alfonso Salgueiro

Related topics Éierendirigent, Leopold Hager, Musek, Neijoerschconcert, OPL, Orchestre Philharmonique de Luxembourg, Philharmonie, RTL-Symphonieorchester, Sam Tanson
Next post Previous post