Search

You may also like

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
International Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

Nei US-Sanktiounen an ausgewisen Diplomaten
International Neiegkeeten

Nei US-Sanktiounen an ausgewisen Diplomaten

Washington beschëllegt d‘Russen ee massiven Hackerugrëff op Ministèren, Verwaltungen an

Sozialplang bei der SES
International Neiegkeeten

Sozialplang bei der SES

D‘Annonce vum Sozialplang bei der SES Enn Mee war schwéiere

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang

An alle Länner halen d‘Staats- a Regierungscheffen zu Neijoerschdag eng Ried, esou also och an Nordkorea. Gei huet sech de Kim Jong-un awer méi un déi westlech Welt, méi prezis, un d‘USA gewannt, an dësen annoncéiert, datt hie sech net weider un de Moratoire fir Atomversich an Tests vun Interkontinentalrakéiten hale wäert.

Ugesiichts dem Fakt datt d‘Gespréicher um Nullpunkt ukomm sinn, géif et kee Grond méi sech länger un d‘Verflichtunge gebonnen ze fillen. Nordkorea wäert der Welt a kuerzer Zäit eng nei strategesch Waff virstellen, esou déi staatlech Presseagence KCNA. De Kim Jong-un bezichtegt d‘USA aus eegene politeschen Interessen Zäit ze schënnen. Et géif deemno vun den Amerikaner ofhänken a wéi engem Mooss, Pyonyang seng nuklear Ofschreckung weiderentwéckelt.

Mat dëser Ukënnegung op Neijoerschdag ass ze befierchten, datt déi diplomatesch Beméiunge vun de leschten zwee Joer, déi zur Léisung vum Atomkonflikt tëscht den USA an Nordkorea, vum Dësch sinn. Nach am Abrëll 2018 hat de Kim Jong-un sech iwwerraschend bereet erkläert, op Atom- a Rakéitentester ze verzichten an och d‘Schléissung vun engem Testgelänn ugekënnegt.

Nodeems et awer beim leschte Sommet zu Hanoi (Vietnam) zum Clash komm war, gëtt net méi wierklech „verhandelt“ a Pyongyang hat Washington en Ultimatum zum Joresenn gesat. Deen huet Washington versträiche gelooss an elo fuchtelt de Kim Jong-un nees mam atomare Säbel. An den USA gesäit een d‘Bedreeung eppes méi „geloossen“ an no der „Annonce“ vum nordkoreanesche Staatschef, huet et eng éischt erstaunlech besonnen Äntwert säitens dem US-Ausseministère ginn.

Géintiwwer Fox News huet den Ausseminister Mike Pompeo gemengt: „Ugesiichts der ëffentlecher Berichterstattung ass et esou, datt mir hoffen, datt de President Kim en anere Wee aschloe wäert. (…) Mir hoffen, datt hien déi richteg Entscheedung treffen a Fridden a Wuelstand de Konflikter a Kricher virzéie wäert“. Et dierf een awer sécher sinn, datt d‘USA d‘Warnung ganz eescht huelen.

A wierklech geleeë kënnt déi nei Bedreeung net. De Konflikt a Libyen, deen elo duerch den Agrëff vun der Tierkei eng nei Dimensioun erreecht; d‘Onrouen am Irak déi och d‘Situatioun a Syrien nei uerdent; Europa datt sech militäresch vun den USA wëll emanzipéieren; NATO-Partner déi hir Waffesystemer beim „Feind“ kafen an déi „nei“ russesch Hyperschallrakéit, si vill Grënn firwat sech zu Washington Kappzerbrieches breet mécht. An domat ass den Handel net emol ugeschwat.

mat indymedia/sel/was

Foto: © KCNA

Related topics Atomrakéiten, Denuklearisatioun, Kim Jong-Un, Mike Pompeo, neijoerschdag, Nordkorea, USA
Next post Previous post