Search

You may also like

Transition Days Podcast: D’Virdeeler vun der Multimodalitéit an nohaltege Fortbeweegungsmëttel (Episod 6)
International Neiegkeeten

Transition Days Podcast: D’Virdeeler vun der Multimodalitéit an nohaltege Fortbeweegungsmëttel (Episod 6)

Wärend dësem Mount ginn d’Lëtzebuerger Transition Days ee Stack erof

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!
International Neiegkeeten

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun

Gedenkfeier vun der KPL um russesch-sowjeteschen Denkmal zu Esch
International Neiegkeeten

Gedenkfeier vun der KPL um russesch-sowjeteschen Denkmal zu Esch

Zum 75. Joresdag zur Befreiung vun Europa vum Faschismus huet

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron

Trotz wochelaange Protester huet de franséische President wëlles d‘Rentereform duerchzesetzen

Neijoerschdagsried vum Emmanuel Macron

A senger Neijoerschdagsried huet de franséische President villes ugeschwat, mee den zentrale Sujet war wéi ze erwaarden, déi héchst ëmstridde Rentereform, déi d‘Land zanter elo gutt engem Mount net zur Rou komme léisst. Massiv Protester awer sollen dës Reform net ophalen.

„D‘Rentereform gëtt ëmgesat“ esou den Emmanuel Macron, deen nach emol de Fransousen erkläert huet, datt et sech heibäi ëm ee Projet fir Gerechtegkeet a soziale Fortschrëtt handelt. Hie wier sech bewosst, datt esou Entscheedungen heiansdo op Widderstand stoussen a freet: „Sollte mir et opginn, eist Land an eisen Alldag ze veränneren?“. Fir de President gëtt et nëmmen eng Äntwert: „Nee“.

Hie wier awer och weiderhi fir den Dialog an ënnersträicht, datt wien eng schwéier Aarbecht verriicht och d‘Méiglechkeet sollt hunn, éischter an d‘Pensioun ze goen. D‘Regierung sicht jo bekanntlech och no engem Kompromëss mat de Gewerkschaften. Déi awer verlaangen eenzeg an eleng, datt dee ganz Projet fale gelooss gëtt. Si haten sech dann och méi vun der Ried erwaart.

Den Emmanuel Macron behaapt novollzéien ze kënnen, datt déi getraffen Decisioune „verletzen“ an datt Angscht zum Widderstand féiert. Dat awer wier kee Grond op Verännerungen ze verzichten. „Wa mir un den aktuelle Regelunge festhalen, esou ass dat ee Verrot un eise Kanner an Enkelkanner, déi dann de Präis fir eise Verzicht ze bezuelen hunn“, esou de franséische President.

mat indymedia/par

Foto: © Philippe Wojazer / SIPA

Related topics Emmanuel Macron, Gewerkschaften, Neijoerschdagsried, Protest, Rentereform, Streik
Next post Previous post