Search

You may also like

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht
Neiegkeeten

Zentralamerikanesch Migranten hunn Tijuana erreecht

En Donneschdeg huet déi mexikanesch Regierung d‘Chance, fir d‘Migranten aus

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)
Neiegkeeten

Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement

Den neie Service „Infoline Maladies Rares Luxembourg“
Neiegkeeten

Den neie Service „Infoline Maladies Rares Luxembourg“

Am Kader vum éischten nationale Plang zu de seelene Krankheeten

Neijoerschmessage aus der Chamber: Houfreg op d’Demokratie an d’Disziplin

Neijoerschmessage aus der Chamber: Houfreg op d’Demokratie an d’Disziplin

Mat engem Schreiwes zu Neijoerschdag hunn de President an de Generalsekretär vun der Chamber e Réckbléck op 2020 geworf a gläichzäiteg d’Erausfuerderunge vun dësem Joer ervirgehuewen. Trotz Pandemie-bedéngt Schwieregkeete klappe si sech fir hiren Asaz op d’Schëller a kucken zouversiichtlech no vir.

Kann een déi traditionell Receptioun schonn net organiséieren, da muss de Réck- an Ausbléck iwwert den digitale Wee gemaach ginn. Haaptthema ass natierlech, wéi zënter bal engem Joer, de Coronavirus. Och fir d’Chamber war et wichteg wärend dëser Kris operationell ze bleiwen. Esou sinn d’Plenarsëtzunge am Abrëll vum Krautmaart an de Cercle verluecht ginn.

An dësem Kader huet d’Chamber dofir gesuergt, d’Regierung bei senge Covid-Moossnamen op vill wichteg Punkten opmierksam ze maachen. Generell soll et jo dorëm goen nozelauschteren, Asaz ze weisen a Virschléi ze bréngen.

Ofgesi vum Coronavirus, goufen et awer och zuelräich aner Themenberäicher an Ännerungen: Fir Onofhängegkeet an Neutralitéit ze garantéieren ass, nom Mediateur an dem CET, mëttlerweil och den OKaJu un d’Chamber rattachéiert ginn.

Wichteg war an ass och weiderhin d’Zesummenaarbecht mam Jugendparlament, mam Zentrum fir politesch Bildung, der Chaire parlementaire an der Uni. Donieft hu wärend den US-Walen 3 Deputéiert aus der Chamber als Observateur geschafft. Net nëmmen um nationalen, mee och um internationalen Niveau muss d’Chamber eng aktiv Roll spillen an esou och ënnert anerem d’Zukunft vun Europa matbestëmmen.

„Grouss Erausfuerderunge bleiwen d’Nohaltegkeet, de Klimawandel an d’„Transition écologique“, heescht et am Message. Dës weideren setzt een och 2021 op d’Digitaliséierung als schnellt Kommunikatiounsmëttel. Esou gëtt beispillsweis deemnächst och d’Internetsäit fir Petitioune moderniséiert.

Engagement mussen d’Deputéiert bei der Verstäerkung vum Kommissiounsservice beweisen, sou wéi bei der Kooperatioun tëscht de Servicer, den Institutiounen an dem Staat. Wärend an no der sanitärer Kris heescht et de Gesondheetssystem a Wirtschaft nees stäerken.

De komplette Message fannt Dir HEI.

Opmaacherfoto: Chambre des Députés / Flickr

Related topics Cercle, Chamber, Coronavirus, Covid-19, Erausfuerderungen, Fernand Etgen, Generalsekretär, neijoerschdag, Neijoerschmessage, OKaJu, Réckbléck, Uni.lu
Next post Previous post