D’Philharmonie mécht seng Diere fir déi nei Saison de 17. September op
Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl
Nodeems déi lescht Saison ënner aussergewéinleche Bedéngungen am Juli hiren Enn geholl
De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun
Um zweete Spilldag zu Buenos Aires muss sech Tennisspillerin Eléonora
Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt invitéiert. Nieft den Agente vum Inneministère huet d’Madamm Bofferding och d’Representante vu Syvicol, der FGFC, den OGBL, den LCGB, den FNCTTFEL Landesverband an SYPROLUX begréisst. Och d’Delegatioun vun der nationaler Federatioun vun de Pompjeeën an den CGDIS ass häerzlech empfaange ginn.
Beim Réckbléck op d’Joer 2018 ass d’Ministesch virun allem op d’Reform vun de Rettungsdéngschter agaangen. D’Kreatioun vum CGDIS (Corps grand-ducal d’incendie et de secours) erméiglecht eng integréiert, effikass an effizient Leedung an allen relativen Aspekter an der Organisatioun vun de Rettungsdéngschter.
Bei de Prognose fir d’Joer 2019 annoncéiert d’Madamm Bofferding eng Neiariichtung vum interministerielle Comité fir d’Reform vun der Grondsteier. Och de relative Gesetzesprojet vun den administrative Gemengesanktiounen soll viru goen an d’Diskussiounen zur Reform vum Gemengegesetz sollen ugefaange ginn.
Zu gudder Läscht huet si d’Uleies geäussert, fir op d’Ënnerstëtzung vun alle Partner, virun allem vum Syvicol, bei de Reformen zielen ze kennen.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Clara Muller, Cyrille Goedert, Alain Becker, Taina Bofferding, Inneministesch; Laurent Knauf, Marc Thiltgen, Mireille Cruchten. © MINT